Europäeschen Astronautecorps
Den Europäeschen Astronautencorps ass d'Grupp vun den aktive Astronauten vun der europäescher Weltraumorganisatioun (ESA). Den Haaptsëtz vum Corps, deen am Ament aus 14 Membere besteet, ass den Europäeschen Astronautenzentrum zu Köln. Dacks ginn d'Astronauten awer op verschiddene Plazen op der Welt agesat, z. B. beim Europäesche Weltraumfuerschungs- an Technologiezentrum (ESTEC) zu Noordwijk, am Johnson Space Center vun der NASA zu Houston, oder am Juri-Gagarin-Kosmonautentrainingszentrum an der russescher Stärestiedchen.
Geschicht
ännerenD'ESA hat hire bemannte Raumfluchprogramm mat Spacelab ugefaangen, fir deen 1978 déi éischt ESA-Astronauten erausgesicht goufen. Déi éischt dräi Astronaute waren den Däitschen Ulf Merbold, den Hollänner Wubbo Ockels an de Schwäizer Claude Nicollier.
Den Ulf Merbold ass am Joer 1983 mat der Space-Shuttle-Missioun STS-9 als éischten an de Raum geflunn. De Wubbo Ockels ass zwee Joer méi spéit geflunn. De Claude Nicollier hat 14 Joer op seng éischt Missioun STS-46 misse waarden, an der Tëschenzäit huet hien awer mat véier Raumflich déi aner iwwerholl.
Déi zweet ESA-Auswiel war 1992 wéinst den zwéi groussen ESA-Projeten Hermes Columbus. Méi wéi 22.000 Interessenten an dovu 5.500 eescht Kandidate gouf et fir déi Astronautenauswiel. Sechs Kandidate goufen um Enn zeréckbehalen. Dat war de Jean-François Clervoy aus Frankräich, den Thomas Reiter aus Däitschland, de Maurizio Cheli aus Italien (1996 ausgescheet), de Pedro Duque aus Spuenien, de Christer Fugle aus Schweden an déi éischt Fra, d'Marianne Merchez aus der Belsch, déi awer kuerz dono nees ausgescheet ass an net an de Weltraum geflunn ass.
De 25. Mäerz 1998 hat den ESA-Ministerrot entscheet fir e kollektiven Europäeschen Astronautecorps ze grënnen. D'Zil war d'Verbesserung vun der Organisatioun am Kader vum Programm fir d'International Raumstatioun (ISS). Däitschland a Frankräich, déi als eenzeg europäesch Länner en eegenen Astronautecorps haten, hunn d'Fusioun als noutwendege Schrëtt fir d'Koordinatioun vun den Astronauten z'optiméieren, fonnt. D'Entscheedung vum ESA-Ministerrot huet d'Schafe vun engem Corps mat 16 Astronauten (jee véier aus Däitschland, Frankräich an Italien a véier fir déi aner Memberstaaten) virgeschloen. Den Integratiounsprozess sollt mat der Opléisung vun den nationalen Astronautecorpse bis Enn Juni 2000 geschéien. De Kontrakt schléisst net aus, datt ee Memberstaat fir en nationale Raumfaartprojet op Astronaute vum Europäeschen Astronautecorps zeréckgräife kann[1].
Weider Astronaute koumen an de Jore vun 1998 bis 2000 derbäi. Den 10. Abrëll 2008 hat d'ESA bekannt gemaach, datt eng Vergréisserung vun der Astronautegrupp, déi an der Tëschenzäit op aacht Membere reduzéiert war, geplangt wier. Umelle konnte sech vum 19. Mee bis den 18. Juni 2008 Persounen aus alle 17 Memberstaate vun der ESA. Bis zum Umeldeschluss hate sech 8.413 Männer a Fraen aus allen ESA-Memberlänner gemellt. Dovu koumen 22,1 % aus Frankräich, 21,6 % aus Däitschland, 11,0 % aus Italien a 4,2 % aus der Schwäiz. Vun alle Konkurrenten waren nëmmen 1.430 Fraen. Nofollgend goufen 918 Persoune fir de psychologeschen Test vun der éischter Stuf selektionéiert vun deenen der 192 fir déi zweet Teststuf Rescht bliwwe sinn. Déi nei Astronautegrupp gouf den 20. Mee 2009 am ESA-Haaptquartéier zu Paräis dem Publikum virgestallt. Mat der Grondausbildung als nei Astronauten hunn ugefaangen: d'Italieenerin Samantha Cristoforetti, den Däitschen Alexander Gerst, den Dän Andreas Mogensen, den Italieener Luca Parmitano, de Britt Timothy Peake an de Franzous Thomas Pesquet. Si ware fir Missiounen op d'ISS no 2013 virgesinn an eventuell och fir spéider Moundlandungen.
Memberen
ännerenDen Europäeschen Astronautecorps besteet am Ament aus 10 Raumfuerer: véier aus Italien, een aus Frankräich, zwéin aus Däitschland, souwéi jee een aus Spuenien, Dänemark a Groussbrittannien.
Aktiv Memberen
ännerenFréier Memberen
ännerenReferenzen
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
änneren- (en) Offiziell ESA-Säit
- (en) ESA Astronaut Selection Brochure (PDF-Datei, 7 MB, 42 Säiten)