Swjosdny Gorodok (Звёздный Городок), op Lëtzebuergesch Stärestiedchen[1], englesch Star City; offiziellen Numm: Закрытый военный городок № 1[2], Sakryty wojenny gorodok 1 ass eng zoue Stad[3] an der Géigend vun der Stad Schtscholkowo nordëstlech vu Moskau a Russland.

Zu Swjosdny Gorodok ass den Ausbildungszentrum vun de russeschen (fréier sowjeteschen) Kosmonauten, de Juri-Gagarin-Kosmonautentrainingszentrum (Центр Подготовки Космонавтов имени Ю. А. Гагарина), Transliteratioun: Zentr Podgotowki Kosmonawtow imeni Ju. A. Gagarina, Ofk. ZPK. Zanter den 1960er-Jore ginn do all Kosmonauten op hir Flich an de Raum, z. B. op d'Raumstatioun ISS, virbereet. Am Kosmonauten-Trainingszentrum steet déi weltgréisst Zentrifug, déi 1980 gebaut gouf, a Persounen déi dra sëtze bei enger Zuel vun 36 Ëmdréiunge pro Minut bis zu 12 g ausgesat sinn.

Ausserdeem ass um Trainingsterrain e Waasserbaseng (12 m déif, 20 m breet), an deem Reparature wéi an der Schwéierloosegkeet trainéiert kënne ginn. Fir d'Simulatioun vun techneschen Ausfäll stoung fréier och en 1:1-Modell vun engem MIR-Deel bereet, dat elo nëmmen nach en Ausstellungsstéck ass.

Zu Swjosdny Gorodok war an ass och ëmmer nach de russesche Geheimdéngscht aktiv. Wärend der Zäit vun der Sowjetunioun war d'„Stärestiedchen“ streng vun der baussenzeger Welt ofgeschiermt. Och haut ass eng Mauer an e Bësch ronderëm. An den Zentrum vun der Stad féieren nëmme Weeër laanscht Militärkontrollen. Normal kënnt ee nëmme mat engem Passéierschäin eran, deen nëmmen Awunner oder ugemellt Gäscht hunn.

Zu Swjosdny Gorodok liewe vill vun de russesche Kosmonaute mat hire Familljen. Fir d'Famillje vun de Kosmonaute goufen en ettlech Séie kënschtlech ugeluecht. Donieft gëtt et e Supermaart an eng Schoul.

Zu Swjosdny Gorodok gëtt et grousst Fluchfeld, d'Militärfluchfeld Tschkalowski.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Werner Buedeler: Vorstoß ins All. Die faszinierende Geschichte der Raumfahrt, Verlag Das Beste, Stuttgart 1982
  2. Постановление Мособлдумы от 29.10.2009 N 7/94-П "О присвоении наименования "Звездный Городок" географическому объекту в Щелковском районе Московской области" Ofgeruff den 12. Oktober 2011
  3. Указ Президента РФ от 19.01.2009 № 68 «О преобразовании закрытого военного городка № 1 в закрытое административно-территориальное образование — посёлок Звёздный городок Московской области» Ofgeruff den 12. Oktober 2011