BB 26000 (SNCF)
BB 26000 | ||
---|---|---|
Nummeréierung: | 26001–26234 Jee nom SNCF Deelberäich: VFE 126xxx CIC 226xxx FRET 426xxx TER 526xxx | |
Stéckzuel: | 234 | |
Constructeur: | Alstom | |
Baujoren: | 1988–1998 | |
Ausmusterung: | Nach a Betrib | |
Achsformel: | Bo'Bo' | |
Déngschtmass: | 88,8 Tonnen | |
Längt iwwer Puffer: | 17710 mm | |
Maximal Achselaascht | 22,5 Tonnen | |
Héchstvitesse: | 200 km/h | |
Stroumsystemer: | 1,5kV Gläichstroum 25 KV 50 Hz Wiesselstroum | |
Leeschtung: | 5600 kW |
D'Lokomotiven aus der Serie BB 26000 sinn Elektrolocke vun der SNCF déi och ënner dem Konschtwuert Sybic bekannt sinn. SYBIC steet fir synchrone a bicourant, béides sinn nei Eegenschafte vun der Serie 26000.
Allgemenges
änneren- Et gëtt 26000er a 5 verschiddenen Livréeen: Bëtong, Multiservice, "En Voyage", Fret an TER Alsace.
- D'Maschinnen déi fir den Asaz mat Steierween ausgeluecht sinn, hunn hanner hirer Nummer en R stoen.
Historique
ännerenWell a Frankräich 2 Stroumsystemer koexistéieren, den Industriestroum vun 25kV 50 Hz am Norden an den 1,5kV Gläichstroum am Midi, huet d'SNCF traditionell mat Maschinne geschafft déi ënner engem vun den zwéi Reseaue funktionéiert hunn. An den 1960er a 70er Jore goufe mat der BB 25200 a BB 22200 Lokomotive fir béid Systemer bestallt. Well déi vill gefrot a rentabel waren, huet Alstom scho kuerz duerno un enger Nofollgerserie gebaut. Vun 1988 u gouf déi Serie als BB26000 an Déngscht gestallt.
-
26024 an der Bëtongslivrée.
-
26192 an der grenger Livrée vum Fret.
-
26160 mat der rouder Multiservicelivrée.
Um Spaweck
ännerenCommons: SNCF Class BB 26000 – Biller, Videoen oder Audiodateien |