BB 15000
Nummeréierung: 15001-15065
Stéckzuel: 65
Constructeur: Alstom
Baujoren: 1971–1978
Ausmusterung: 57 Maschinnen: Nach a Betrib
(11.12.2017)
Achsformel: Bo'Bo'
Déngschtmass: 90 Tonnen
Längt iwwer Puffer: 17480 mm
Héchstvitesse: 160 km/h
Stroumsystemer: 25 KV 50 Hz Wiesselstroum
Leeschtung: 4420kW

D'Lokomotiven aus der Serie BB 15000 sinn Elektrolocke vun der SNCF déi tëscht 1971 an 1978 an enger Stéckzuel vu 65 Maschinne gebaut goufen.

Allgemenges änneren

  • Wéinst där charakteristescher Form vun de Fënsteren an der Wölbung direkt dorënner, haten d'15000er séier de Spëtznumm Nez cassé, also gebrachen Nues. Deen Design hat sech de franséischen Designer Paul Arzens fir d'CC 40100 afale gelooss.
  • Et gëtt 15000er an 3 verschiddenen Livréeen: Multiservice, "En Voyages" an TEE.
  • D'Maschinnen déi fir den Asaz mat Steierween ausgeluecht sinn, hunn hanner hirer Nummer en R stoen.
  • De Sécherheetssystem Memor II+ deen zu Lëtzebuerg fir all Lokomotiv obligatoresch ass, gouf op 10 Maschinnen installéiert. Et sinn dat déi 10 Maschinnen déi zu Stroossbuerg doheem sinn (15005-15008-15016 bis 15021-15023-15025).

Historique änneren

D'15000er goufe gebaut fir mat den internationale Schnellzich am Oste vun Frankräich ze fueren, dowéinst ware se zanter 1971 zu Stroossbuerg doheem. Si ware bis uganks der 2000er Jore mat de wichtegen nationalen an internationalen Zich tëscht Paräis, Metz, Nanzeg, Stroossbuerg, Basel, Lëtzebuerg a Quévy ënnerwee.

Wéi 2007 den TGV déi Verbindungen iwwerholl huet, goufen déi meescht 15000er vu Stroossbuerg op Archènes bruecht, vu wou aus se mat TER- a Corailzich op de Verbindungen an d'Bretagne, d'Normandie an an de Pas de Calais gefuer sinn.

Haut (Stand 11. Dezember 2017) sinn nach 57 Maschinnen am Asaz.

Um Spaweck änneren

Commons: SNCF Class BB 15000 – Biller, Videoen oder Audiodateien