Eisebunnsweich

Eisebunnsweiche sinn een Deel vum Gleisbau, deen et Schinnegefierer méiglech mécht, fir vun engem Gleis op en anert ze wiesselen, oder an der ëmgedréinter Fuerrichtung zwee Gleiser ze regruppéieren. Dofir huet eng Weich beweeglech Schinnendeeler, d'Weichenzongen déi tëscht der rietser an der lénkser Bakeschinn virum Häerzstéck leien an déi jee no Positioun d'Rieder vum Zuch vun engem Gleisstrank op en aneren dirigéiere können.

Weiche vun der Minièresbunn am Fond-de-Gras

Weiche gi meeschtens vun engem Stellwierk aus bedéngt (ëmgeluecht), oder duerch en Handmechanissem direkt bei der Weich. Si kënnen duerch Weichesignaler gezeechent sinn.

Dat éischt Patent fir eng Eisebunnsweich gouf vum Charles Fox 1832 an England ugemellt.

ServiceÄnneren

Wärend d'Weiche fréier manuell op der Plaz gestalt goufen (Handweichen), ginn d'Weichen haut meeschtens vu Stellwierker aus, dacks am Zesummenhang mat Fuerstroossen, gesteiert.

Um SpaweckÄnneren

Commons: Eisebunnsweichen – Biller, Videoen oder Audiodateien