Einsteinkräiz
Einsteinkräiz / Huchras Lëns | |
---|---|
Observatiounsdaten Equinoxe: J2000.0, Epoch: J2000.0 | |
Stärebild | Pegasus (Peg) |
Rektaszensioun | 22h 40m 30,3s |
Deklinatioun | +3° 21′ 31" |
Gravitatiounslëns: Huchras Lëns | |
Typ | Galaxie |
Visuell Magnitude (V-Band) | 16,8 mag |
Wénkelausdehnung | 0,87′ × 0,34′ |
Routverrécklung | 0,039 |
Distanz | 400 Mio. Liichtjoer |
Katalogbezeechnungen | CGCG 2237+0305 PGC 69457 |
Dat fotograféiert Objet: Einsteinkräiz | |
Typ | Quasar |
Wénkelausdehnung | 1,6" × 1,6" |
Hellegkeet (V-Band) | (A) 17,4 mag ; (B) 17,4 mag (C) 18,4 mag ; (D) 18,7 mag |
Routverrécklung | 1,695 |
Distanz | zirka 8 Mrd. Liichtjoer |
Katalogbezeechnungen | QSO B2237+030 QSO B2237+0305 QSO J2240+0321 |
Geschicht | |
Entdecker | John Huchra |
Entdeckung | 1985 |
D'Einsteinkräiz, och Q2237+030 oder QSO 2237+0305 genannt, ass e Gravitatiounslënsesystem am Stärebild Pegasus. De Quasar QSO 2237+0305 steet vun der Äerd aus gesinn genee hanner dem Kär vun enger Galaxie, déi ongeféier 400 Millioune Liichtjoer vun eis ewech ass. Si wierkt als Gravitatiounslëns an ass als Huchras Lëns bekannt (no hirem Entdecker John Huchra). Duerch d'Gravitatiounslëns entsti véier änlech hell Biller a Form vun engem Kräiz mat dem Galaxiëkär am Zentrum. De fotograféierte Quasar ass ongeféier 8 Milliarde Liichtjoer vun der Äerd ewech. Déi géigeniwwerleiend Biller vum Quasar am Einsteinkräiz hunn e visuellen Ofstand vun 1,6 Wénkelsekonnen.