John Huchra

US-amerikaneschen Astronom

Den John Peter Huchra, gebuer den 23. Dezember 1948 zu Jersey City a gestuerwen den 8. Oktober 2010 zu Lexington[1] war en US-amerikaneschen Astronom.

John Huchra
Gebuer 23. Dezember 1948
Jersey City
Gestuerwen 8. Oktober 2010
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology,
Massachusetts Institute of Technology
Aktivitéit Astronom
Member vun National Academy of Sciences, American Academy of Arts and Sciences

Iwwer vill Joren huet hien d'Routverrécklunge vu Galaxië gemooss, fir d'Struktur vum Universum ze bestëmmen. 1989 entdeckt hien dobäi zesumme mat der Margaret Geller d'Grouss Mauer. Hien entdeckt déi bekannt Gravitatiounslëns, déi fir d'Einsteinkräiz verantwortlech ass an haut als Huchras Lëns bezeechent gëtt.

Hie war Vizeprovost op der Harvard Universitéit a Professer fir Astrophysik um Harvard-Smithsonian Center for Astrophysics.

Den Asteroid (4656) Huchra gouf no him benannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. The Boston Globe Doudesannonce vum 10. Oktober 2010