Eech am Mouerbësch
D'Eech am Mouerbësch, ass eng Eech (Quercus, (fr) chêne, (de) Eiche) déi beim Schléiwenhaff an der Gemeng Leideleng steet an déi wéinst der spezieller Ausbreedung vun hirer Kränkt zënter 2023 zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéiert.
Eech am Mouerbësch | |
---|---|
D'Eech mam Bamkriibs am Mouerbësch (Februar 2024) | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Leideleng |
Plaz | Schléiwenhaff |
Adress | Mouerbësch |
Koordinaten | 49°34'55,34"N, 6°2'34,76"O |
Bamaart | Eechen |
Héicht | 28,90 m (2023) |
Duerchmiesser | 0,92 m (2023) |
Ëmfang | 2,89 m (2023) |
Lokalisatioun
ännerenDe Bam steet am Mouerbësch, westlech vum Lieu-dit Schléiwenhaff an der Kadastersektioun Leideleng vun der Gemeng Leideleng. Fir bei de Bam, geet e vum CR163 um Schléiwenhaff aus iwwer iwwer den Akerheckwee ronn 800 m bis bei den Ufank vum Bësch. Do wou de Makadamm ophält, geet ee lénks duerch d'Schneis, parallel mam Bord vum Bësch, bis een d'Eech no ronn 80 m op senger lénker Säit huet.
Geschicht
ännerenEntwécklung
ännerenDës Eech leit un enger Krankheet, déi Bamkriibs ((fr) chancre, vum lat. cancer) genannt gëtt, an déi an dësem Fall am ënneschten Deel vum Stamm eng Zort „Schwier“ vun enger aussergewéinlech Gréisst gebilt huet. Dëse Schwier ass op déi defensiv Reaktioun vum Bam op Bakteerien oder Pilzen déi d'Schuel attackéieren, zeréckzeféieren. Am Holz gëtt doropshin eng Zort Barriär gebilt, fir d'Andrénge vum Parasit ze verhënneren. Den infizéierten Tissu gëtt esou vun deem gesonden isoléiert, an d'Ausbreedung vun de Parasitte gëtt gebremst.
Joer | [1] | ||
---|---|---|---|
2023 | 2,89 | 0,92 | 28,90 |
= Ëmfang; = Duerchmiesser; = Héicht
Biller
änneren-
Fréijoer ()
-
Summer ()
-
Hierscht ()
-
Wanter (2024)
Literatur
änneren- Murat, D. & M. Feldtrauer-Molitor (Koordinatioun), 2023. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Editeuren: Administration de la nature et des forêts (ANF) an natur&ëmwelt asbl. ISBN 978-2-9199474-3-0 (cf. S. 156-157, Foto an Text)
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Eech am Mouerbësch – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ op Broschthéicht gemooss
- Quell vum Artikel wou net anescht uginn: Les arbres remarquables… an der Literatur