Museksschoulen zu Lëtzebuerg
Opgrond vum Gesetz vum 28. Abrëll 1998 ass de Musekunterrecht zu Lëtzebuerg vun de Gemengen harmoniséiert ginn. D'Gesetz gesäit dofir e puer Niveaue vu Museksunterrecht an alle Branchë vir:
- Den ënneschten Niveau schléisst mar enger 1. Mentioun of;
- De mëttleren Niveau endegt mam Diplom vun der mëttler Divisioun;
- An der mëttler spezialiséierter Divisioun gëtt et um Enn en l. Präis;
- Um ieweschten Niveau kritt een als Ofschloss een Diplôme supérieur.
Andeelung vun de Musekschoulen
ännerenMuseksconservatoiren
ännerenGemengen oder Gemengesyndikater bedreiwe Museksconservatoiren, déi an alle 4 Divisiounen, déi virdrun opgezielt goufen, Museksstonne kënne ginn. Follgend Museksconservatoire gëtt et zu Lëtzebuerg:
- Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg, Conservatoire de musique de la ville de Luxembourg (Fondation Eugénie-Dutreux). Direkter: Marc Meyers.
- Escher Conservatoire, Conservatoire de musique de la ville d'Esch/Alzette. Direkter: Marc Treinen.
- Conservatoire vum Norden, Conservatoire de musique du nord. Direkter: Marc Jacoby.
Museksschoulen
ännerenDéi aner Museksschoule vu Gemengen oder Gemengesyndikater, déi op Aktivitéiten an de Kategorien 1, 2 an ënner gewësse Konditiounen an der Kategorie 3 ënnerriichten, nenne sech Museksschoulen. Et steet hinne fräi, hir Musekscoursen an Zesummenaarbecht mat der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) z'organiséieren. Zur Zäit hunn 60 Gemengen oder Gemengesyndikater sou eng Konventioun mat der UGDA ofgeschloss. Heira figuréieren ënner aneren:
- Nidderkäerjenger Museksschoul, École de musique de Bascharage, Direkter: Steve Humbert
- Museksschoul vum Kanton Klierf, École de musique du canton de Clervaux, Direkter: Thomas Reuter
- Déifferdenger Museksschoul, École de musique de Differdange, Direkter: Gilbert Holzem
- Diddelenger Museksschoul, École régionale de musique de Dudelange, Direkter: Adrien Theato
- Iechternacher Museksschoul, École de musique d'Echternach, Direkter: Marc Juncker
- Fielsser Museksschoul
- Gréiwemaacher Museksschoul, École de musique de Grevenmacher, Direkter: Romain Asselborn
- Péitenger Museksschoul, École de musique de Pétange, Direkter: Paul Origer
- Réidener Museksschoul, École de musique de Rédange-sur-Attert, Direkter: Ulric Berg
- Wolzer Museksschoul, École de musique de Wiltz, Direkter: Cédric Gilis & Paul Huvelle