Conférence générale de la jeunesse du Luxembourg
D'Conférence générale de la jeunesse du Luxembourg, och De Jugendrot[3][4] genannt, ass den Daachverband vun de Jugendorganisatiounen zu Lëtzebuerg.
Conférence générale de la jeunesse du Luxembourg – De Jugendrot | |
---|---|
Ofkierzung | CGJL |
Memberen | 31 |
Sëtz |
87, route de Thionville L-2611 Lëtzebuerg Lëtzebuerg |
President | (vakant)[1][2] |
Generalsekretär | Liam Bremer (Déi Jonk Gréng) |
Tresorier | Dylan Ferreira (Jonk Sozialisten) |
Websäit | https://www.cgjl.lu/ |
Roll vum Jugendrot
ännerenD'Zil vum Jugendrot ass et fir d'representatiivt Organ fir Jugend zu Lëtzebuerg ze sinn.
D'Missioune vum Jugendrot begräifen:
- d'Roll vum privilegéierten Uspriechpartner fir d'Jugendorganisatiounen z'iwwerhuelen an d'Interesse vun de Jonke géintiwwer den Autoritéiten ze verdeedegen;
- d'Jugendorganisatiounen an d'Jugend op nationalem an internationalem Niveau ze vertrieden;
- d'kollektiv Aktioune vun der Jugendorganisatiounen ze koordinéieren;
- d'Jugend iwwer gesellschaftlech a politesch Themen z'informéieren an ze sensibiliséieren;
- d'Participatioun vun de Jonken u wichtegen Debatten an Decisiounen an der Gesellschaft ze fërderen.
Memberen
ännerenDéi aktuell(2022) 31 Membere vum Jugendrot sinn[5]:
- déi Jonk aus de politesche Parteien:
- d'Jugend aus de Gewerkschaftsverbänn:
- d'Scoutsverbänn:
- d'Organisatiounen aus dem sozio-edukative Beräich:
- ACEL
- ASSITEJ Lëtzebuerg
- Carrefour pastorale des jeunes
- Conférence nationale des élèves du Luxembourg
- Comité Spencer
- Jugend-Rout-Kräiz
- Daachverband vun de Lëtzebuerger Jugendklibb
- Jeunesse étudiante chrétienne
- Jugendherbergzentral
- Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren
- LIFE
- Rosa Lëtzebuerg
- Jugendsektioun vun der Bauerenzentral
- UNEL
- youngcaritas
Presidenten
änneren…
- 2016 bis 2018: Djuna Bernard
- 2018 bis 2020: Chrystelle Brassinne
- 2020 bis 2022[1][2]: Mathis Godefroid
- 2022: …
Um Spaweck
ännerenReferenzen an Notten
änneren- ↑ 1,0 1,1 Démission du président, Mathis Godefroid, de la CGJL/de Jugendrot.. www.jugendrot.lu (22.07.2022). Gekuckt de(n) 24.07.2022.
- ↑ 2,0 2,1 CGJL: President vun der Jugendkonferenz demissionéiert a kandidéiert bei de Piraten. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2022-07-24.
- ↑ Handelsregëster: F737 - CONFÉRENCE GÉNÉRALE DE LA JEUNESSE DU LUXEMBOURG
- ↑ fréieren Numm: Conférence générale de la jeunesse luxembourgeoise oder Jugendkonferenz
- ↑ lbr.lu, [https://gd.lu/rcsl/dNsLkk Organisations Membres de la Conférence Générale de la Jeunesse du Luxembourg a.s.b.l. 2022]. Registre de Commerce et des Sociétés (30.03.2022). Gekuckt de(n) 24.07.2022.