Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Jugendhaus ass eng sozial Ariichtung, déi sech an der Reegel u Jonker, am Alter vun 12 bis 26 Joer, riicht. Se versteet sech als oppe Jugendaarbecht, déi komplementar zur Erzéiung an der Famill an zu der schoulescher Erzéiung ass.

D'Jugendhaus zu Munneref.

D'sozialpedagogescht Zil vun de Jugendhaiser ass, de Jugendlechen z'ënnerstëtzen, fir datt hie sech an engem sympathesche Kader an zesumme mat anere Jugendlecher, zu engem autonomen a verantwortleche Mënsch entwéckele kann. Dobäi sollen déi perséinlech a sozial Kompetenze gefërdert ginn, fir sech zu engem aktiven, kriteschen an erwuessene Bierger z'entwéckelen.

Zu Lëtzebuerg hunn d'Jugendhaiser sech an der Entente des Gestionnaires des Maisons de Jeunes zesummegeschloss. D'Entente zielt iwwer 60 Jugendhaiser an alle Stied a gréisseren Dierfer vum Land. E Jugendhaus gëtt vun engem Educateur, engem Sozialpedagog oder Sozialaarbechter geleet an ënnersteet enger Organisatioun wéi z. B. der Rout Kräiz, der Caritas oder den inter-actions.

Um Spaweck änneren