Edouard Hemmer
lëtzebuergesche Jurist, Riichter a Politiker
Den Nicolas Dominique Edouard Hemmer, gebuer de 6. Dezember 1845 zu Reckeng op der Mess[1],[2] a gestuerwen den 10. Juli 1920 op der Cap[3], war e lëtzebuergeschen Affekot, Nottär[4] Riichter[5] a Politiker.
Edouard Hemmer | |
---|---|
Gebuer |
6. Dezember 1845 Reckeng op der Mess |
Gestuerwen |
10. Juli 1920 Capellen |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
Den Edouard Hemmer war Nottär zu Käerch vun 1877 bis 1882 an zu Capellen vun 1882 bis 1920.[6]
Hie war vun 1881 bis 1919 Deputéierte vum Kanton Capellen; vun 1915 bis 1917 war hie President vun der Chamber. Politesch huet hien d'Regierung vum Paul Eyschen, deen e gudde Frënd vun him war, ënnerstëtzt.[7]
Den Edouard Hemmer war den éischte President vum Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht, deen 1886 gegrënnt gouf.[7] Hie blouf dat bis zu sengem Doud am Joer 1920.[8] Hie war och Vizepresident vum Nationale Pompjeesverband.[7]
Gielchen
änneren- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1920)[9]
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Den Edouard Hemmer op www.deltgen.com
- ↑ Den Edouard Hemmen nach emol op www.deltgen.com Archivéiert de(n) 25.03.2016. Gekuckt de(n) 15.12.2014.
- ↑ Doudesannonce vum Edouard Hemmer am Luxemburger Wort
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 22.12.2008.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 05.03.2016. Gekuckt de(n) 22.12.2008.
- ↑ Lëscht vun de Nottärenn zu Lëtzebuerg op www.rootsancestry.com
- ↑ 7,0 7,1 7,2 J. A. Massard, 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 41 (kuck och: Corrigenda [1]).
- ↑ Sadler, H., 1986. 100 Joër Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht. In: Fédération des Unions d'Apiculteurs du Grand-Duché de Luxembourg. Livre d'or du centenaire: 1886-1986. Luxembourg, S. 54, 61.
- ↑ Memorial A N°8 vun 1920 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
n]]