Haaptmenü opmaachen
Ethan
Ethan
Systemateschen Numm (IUPAC) Ethan
Trivialen Numm Äthan
Chemesch Formel C2H6
Ausgesinn / Geroch Faarflose, gerochlose Gas
Eegenschaften
Dicht 1,36 g/l bei 0 °C, 1013 hPa
Léislechkeet 0,0602 g/l (bei 25 °C am Waasser)
Agregatzoustand gasfërmeg
Molmass 30,07 g/mol
Schmëlzpunkt -183 °C
Kachpunkt -89 °C
Thermodynamesch Daten
Standard Formatiounsenthalpie
ΔfH0
-84 KJ·mol−1
Standardentropie
S0
230 J·K−1·mol−1
Verbrennungsenthalpie
ΔcH0
-1560,7 KJ·mol−1
Weideres
Ähnlech Moleküllen Methan
Propan
Butan
Chemesch Famill Alkanen

Ethan (oder Äthan) ass e gesiedegte Kuelewaasserstoff aus der Famill vun den Alkanen. E kënnt am Sumpfgas, Äerdgas an an de Raffinerie- a Kokereigaser vir. Ethan ass e Bestanddeel vun de Brenngaser.

Physikalesch EegenschaftenÄnneren

Ethan ass bei 25 °C an 1013 hPa am gasfërmegen Zoustand an en huet kee Geroch a keng Faarf. En ass méi schwéier wéi Loft, seng Dicht läit bei 1,36 g/l. Ethan léist sech schlecht am Waasser, dofir awer ass en am Benzol gutt léislech. Wéi de Methan, ass och den Ethan schwéier ze verflëssegen, wéinst sengem nidderege Kachpunkt.

Chemesch EegenschaftenÄnneren

Ethan ass liicht brennbar a kann, mat Sauerstoff gemëscht, explodéieren. E brennt mat enger schwacher Flam. Bei der Verbrennung vum Ethan entsteet, wéi bei all Alkan, Waasser a Kuelendioxid[1].

 

Ethan forméiert mat Chlor a mat Brom duerch Substitutioun nei Produkter. Déi wichtegst sinn déi chloréiert Substitutiounsprodukter wéi de Monochlorethan, den Dichlorethan, den Trichlorethan, den Tetrachlorethan, de Pentachlorethan a den Hexachlorethan.

 

Produktioun vum EthanÄnneren

Am Laboratoire:

Ethan kann een duerch Elektrolys vun enger konzentréierter Natriumacetat-Léisung hierstellen. Dobäi entsteet un der Kathod Waasserstoff an un der Anod Ethan a Kuelendioxid.

Eng aner Méiglechkeet ass d'Wurtz-Reaktioun. Mat Monochloromethan a Natrium léisst sech Ethan gutt hierstellen[1].

 

Eng drëtt Method besteet doran, Natriumpropanoat mat Natriumhydroxid ze hëtzen.

An der Industrie: Aus Äerdgas kann een Ethan industriell hierstellen. Aner Methode sinn d'Pëtrolhydréierung an d'Kuelenhydréierung.

UwendungÄnneren

An der chemescher Industrie gëtt Ethan benotzt fir Ethen hirzestellen. Eng Method dofir ass de Cracking. Bei 500 °C bis 1000 °C gëtt den Ethan an Ethen a Waasserstoff ëmgewandelt.

LiteraturÄnneren

  • Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren

  1. 1,0 1,1 Éditions A. De Boeck, Bruxelles, 1979, Chimie organique, A. Dessart - J. Jodogne - J. Paul, S.64-65