Mieren

historescht Land

Mieren (tschechesch: Morava) ass eng vun dräi historesche Regiounen (niewent Béimen an Tschechesche Schlesien) vun der Tschechescher Republik. Se läit am Oste vum Land. Déi gréisst Stied si Brno an Olomouc.

Wappen vu Moravia
Fändel[1],[2]

D'Regioun huet eng Fläch vun 22 349 km2 an eng Populatioun vun zirka 4 Mio.

Miere grenzt u Béimen am Westen, un dat éisträichescht Bundesland Nidderéisträich am Süden, un d'Slowakei am Osten an am Norden un d'Tschechescht Schlesien an u Polen.

Ier d'Slawen am 6. Joerhonnert dohi koumen, hunn do keltesch an duerno germanesch Stämm gelieft. Vun 833 bis 906/907 war Mieren de Kär vum Groussmiererräich. Am Joer 1019 gouf Miere vum béimeschen Herrscherhaus vun de Přemyslide eruewert. Zanterhier ass d'Schicksal vu Béimen a Mieren matenee verbonnen.

1182 huet de Keeser Friedrich I. Barbarossa aus Mieren eng Grofschaft gemaach. Am Joer 1311 huet de Jang de Blannen fir Mieren all d'Rechter an d'Fräiheeten confirméiert, déi Mieren de selwechte Rang wéi Béimen garantéiert hunn. De Kinnek Karel IV. huet am Joer 1348 aus Mieren en Domän gemaach, deen zu der Ierfschaft vun de béimesche Kinneke gehéiere géif, wat bis 1918 sou bliwwen ass.

Miere war eent vun de fënnef Länner vun der Tschechoslowakei, déi 1918 nom éischte Weltkrich entstanen ass. 1928 gouf et mam Tschechesche Schlesien vereenegt. D'Länner goufen 1949 ofgeschaf a Mieren huet opgehalen, als eng administrativ Eenheet z'existéieren.

D'Gebitt vu Mieren ass haut tëschent e puer administrative Regioune gedeelt, déi awer déi historesch Grenzen net respektéieren.

Referenzen änneren

  1. Zbyšek Svoboda, Pavel Fojtík, Petr Exner, Jaroslav Martykán: Odborné vexilologické stanovisko k moravské vlajce, in: Vexilologie. Zpravodaj České vexilologické společnosti, o.s. č. 169, s. 3319, 3320: Česká vexilologická společnost, Brno 2013: http://www.moravska-vlajka.eu/dokumenty/vexilologie-169.pdf
  2. František Pícha: Znaky a prapory v kronice Ottokara Štýrského, in: Vexilologie. Zpravodaj České vexilologické společnosti, o.s. č. 169, s. 3320-3324: Česká vexilologická společnost, Brno 2013: http://www.moravska-vlajka.eu/dokumenty/vexilologie-169.pdf