D'European Film Awards oder op Lëtzebuergesch Europäesch Filmpräisser si Filmpräisser, déi all Joer vun der Europäescher Filmakademie verdeelt ginn. Si existéieren zënter 1988 an éieren, wéi den Numm et scho seet, déi bescht Leeschtungen an der europäescher Filmindustrie.

D'Präisskulptur, déi d'Gewënner kréien

Kategorien änneren

2021 gouf de Präis a 26 Kategorien verdeelt. D'Kategorien ännere reegelméisseg, mee follgend Kategorie existéieren zënter op d'mannst 2009:

  • Beschten Europäesche Film
  • Europäesch Comedy
  • Europäesch Entdeckung (FIPRESCI-Präis) (Beschten Nowuessfilm)
  • Europäeschen Documentaire
  • Europäeschen animéierte Spillfilm
  • Europäesche Kuerzfilm
  • Europäesche Regisseur
  • Europäesche Schauspiller
  • Europäesch Schauspillerin
  • Europäescht Dréibuch
  • Europäesch Montage
  • Europäesch Kamera
  • European Film Academy Lifetime Achievement Award (Präis fir d'Liewenswierk)

Präisskulptur änneren

Bis 1996 war d'Präisskulptur e Mann mat enger Dauf an der Hand, déi vum Markus Lüpertz entworf gi war a "Felix" genannt gouf. Zënter 1997 ass et eng sëlwreg Statu vum Britt Theo Fennell. Si stellt eng Fra mat laangen Hoer duer, déi e Rack mat den Europa-Stären unhuet. D'Skulptur huet kee Spëtznumm.[1]

Websäit änneren

Referenzen änneren

  1. tagesspiegel.de: Her mit der kleinen Engländerin! vum Andreas Conrad (3. Dezember 2011)