Deutscher Filmpreis

(Virugeleet vu(n) Däitsche Filmpräis)

Den Däitsche Filmpräis (dt. Deutscher Filmpreis) gëllt als déi renomméiertst Auszeechnung an der däitscher Filmindustrie.

Logo vim däitsche Filmpräis

Organisatioun a Geschicht änneren

Mat engem Präisgeld vu bal 3 Milliounen Euro fir d'Gewënner a ronn 20 Kategorien ass et deen héchstdotéierten däitsche Kulturpräis.[1] E gëtt all Joer an enger Zeremonie zu Berlin verginn. Déi Zeremonie ass am Fréijoer oder am Summer.

D'Symbol vum Präis ass eng kleng gëlle Skulptur fir d'Gewënner, déi Lola genannt gëtt. An der Kategorie Bester Spielfilm gëtt et déi Auszeechnung och a Sëlwer an a Bronze.

De Filmpräis gëtt et zënter 1951. Bis 1998 gouf e vum Bundesministerium des Innern organiséiert, an zënter 1999 vum Beoptraagte vun der Bundesregierung fir Kultur a Medien.[1]

Bis 2004 goufen d'Gewënner vun enger Kommissioun bestëmmt, an där och Politiker a Kierchevertrieder representéiert waren. Wëll dat als net méi zäitgeméiss empfonnt gouf, gouf 2003 déi Däitsch Filmakademie gegrënnt, nom Virbild vun der Academy of Motion Picture Arts and Sciences an den USA, déi al Joer d'Oscar-Zeremonie organiséiert. Zënter 2005 ginn d'Gewënner vun de Membere vun der däitscher Filmakademie gewielt. 2021 waren dat ronn 2.100 Persounen.[1]

Skulptur änneren

Ursprénglech gouf de Präis an enger Rei ënnerschiddleche Forme verdeelt, dorënner d'Goldene Schale an d'Filmbänner a Gold an a Sëlwer.

Zënter 1999 ass d'Trophee eng Statu an Art-Déco-Stil a Form vun enger Fraefigur, ëm dat sech e stiliséiert Filmband wéckelt. Si gëtt Lola genannt; eng Referenz op der Marlene Dietrich hir Roll am Klassiker Der blaue Engel, an op d'Filmer Lola (1981) vum Rainer Werner Fassbinder a Lola rennt (1998) vum Tom Tykwers.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 deutscher-filmpreis.de: Preise im Detail (gekuckt den 21. November 2021)