Charel Kuddel
Dëse Comicsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Charel Kuddel ass e Personnage aus der Superjhempserie vum Roger Leiner a Lucien Czuga.
Charel Kuddel | |
---|---|
Createur | Lucien Czuga, Roger Leiner |
Ass en(g) | fiktiv Figur |
Geschlecht | männlech |
Famill | |
Bestuet mat | Félicie Kuddel |
Kanner | Sandra, Steve, Metti |
Universum | |
Present am | Superjhemp |
Hien ass dem Superjhemp seng Tarnpersoun an anert Ech a schafft am Service vun den hoffnungslose Fäll vum Ministère vun den ongeléiste Problemer[1]. Mat Hëllef vu Kachkéis verwandelt e sech an de Superjhemp, deen doduerch ausseruerdentlech Kräfte kritt a fléie kann.
Hie wunnt mat senger Fra (Félicie Kuddel-Fleck), de Kanner Metti, Sandra a Steve an dem Hond Bernie[2] engem Eefamilljenhaus[3] op 150 Rue de la Patrie zu 6969 Luxusbuerg[1].
De Charel ass den Adoptivjong vun der Famill Jhempi Kuddel. Kuddels, eng Bauerefamill vun Heihatechnachnidebauchwéi haten hien opgeholl nodeems hie mat engem UFO an hirer Piffkaul gelant war. Och aner Superhelden (Fett-Man, Wander-Woman, Bett-Görl, Spanne-Man, Käpt'n Luxusbuerg, Fläsch-Man)[4] si schonn an der Famill Kuddel opgeholl ginn.