David Wagner (Politiker)

lëtzebuergesche Journalist a Politiker (déi Lénk)
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker David Wagner. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. David Wagner.

Den David Wagner, gebuer den 3. Mäerz 1979 an der Stad Lëtzebuerg,[1] ass e lëtzebuergesche Journalist a Politiker vun Déi Lénk.

David Wagner
Gebuer 3. Mäerz 1979
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Jongelycée,
Universitéit vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Journalist
Partei Déi Lénk
Member vun OGBL

Biographie änneren

Den David Wagner koum als Jong vun enger franséischer Mamm an engem lëtzebuergesche Papp an der Stad op d'Welt an ass zu Lëtzebuerg opgewuess.

Wärend senger Zäit am Jongelycée um Lampertsbierg koum hien iwwer d'„Schülerdelegatioun Lëtzebuerg“ (SDL) 1995 bei d'KPL, mä ass awer schonn 1996 bei d'LSAP gewiesselt, wou hien ee Joer drop Generalsekretär vun hire Jeunesses socialistes, an domat och Member vun der Parteileedung gouf.

Awer schonn am Joer duerno huet hien der LSAP de Réck gekéiert fir 1998 ze hëllefen déi Lénk ze grënnen. Nom Secondairesexamen 1999 huet hie Geschicht um Centre universitaire de Luxembourg, an zu Paräis studéiert.[2]

Den David Wagner war vu Juli 2002 bis September 2004 Attaché parlementaire vum Deputéierte Serge Urbany an ass zanter Abrëll 2005 Redakter bei der Wochenzäitschrëft woxx, wou hie fir Bildung, Medien, Migratioun a Gender zoustänneg ass.

Bei de Gemengewalen 2011 gouf hien als Spëtzekandidat an der Stad Lëtzebuerg an de Gemengerot gewielt,[3] wou hie vum 5. Dezember 2011 bis Ufank 2015 Conseiller war. De 26. Januar 2015 gouf de Joël Delvaux als säi Successeur vereedegt.[4]

Den 28. Abrëll 2015 ass den David Wagner fir de Justin Turpel an d'Chamber nogeréckelt, deen aus Gesondheetsgrënn säi Mandat néiergeluecht hat.[5] Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 gouf hien dohinner erëmgewielt.[6] Den 19. Mee 2021 huet hie wéinst dem parteiinterne Rotatiounsprinzip säi Sëtz mat der Nathalie Oberweis getosch.

Zanter Januar 2012 ass hien, zesumme mat der Fabienne Lentz, nationale Porte-parole vun déi Lénk.

Verschiddenes änneren

Hie war ee vun den Haaptacteuren am Donato Rotunno sengem Dokumentarfilm André an d'dissident Stëmmen.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Presentatioun op der Websäit vun der Stad Lëtzebuerg Gearchiveerd op 2013-08-01. Gekuckt de(n) 2012-06-17.
  2. dei-lenk.lu: Presentatioun vun de Spriecher vun déi Lénk (gekuckt de 17. Juni 2012)
  3. Resultater vun de Gemengewalen an der Stad Lëtzebuerg um Site elections.public.lu
  4. Assermentation de M. le conseiller Joël Delvaux vdl.lu 26. Januar 2015
  5. "Justin Turpel tritt als Abgeordneter ab". wort.lu, 5. Mäerz 2015 um 09:25 aktualisiéert um 10:16.
  6. elections.lu.