Haaptmenü opmaachen

De Justin Turpel, gebuer den 8. Januar 1954 zu Ettelbréck[1], ass e lëtzebuergesche Politiker vun Déi Lénk.

Justin Turpel
Bridges not Walls, Luxembourg, 2015-104.jpg
Gebuer 8. Januar 1954
Ettelbréck
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Lycée classique de Diekirch
Aktivitéit Politiker, Gewerkschaftler
Partei Déi Lénk
Wikidata-logo-without-paddings.svg

Inhaltsverzeechnes

BiographieÄnneren

De Justin Turpel ass während senger Schoulzäit am Lycée technique du Centre der Ligue communiste révolutionnaire (Lëtzebuerg) bäigetrueden. No sengem Schoulofschloss huet hie vun 1975 un zwee Joer laang als Chemiker bei der Tréfil-Arbed zu Beetebuerg geschafft. Datselwecht Joer ass hie Member am Lëtzebuerger Aarbechterverband (haut den OGB-L) ginn, éier en 1978 Gemengebeamten an der Stad Lëtzebuerg an dunn och Member am FNCTTFEL-Landesverband ginn ass. 1991 ass hie President vum ëffentleche Secteur an 2006 Vizepresident vun där Gewerkschaft ginn.

De Justin Turpel war 1999 ee vun de Grënner vun der Partei Déi Lénk, fir déi hie vum Dezember 2011 bis Februar 2014[2] am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg souz. Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 gouf hien an d'Parlament gewielt. Den 28. Abrëll 2015 huet hien dem David Wagner säi Chamberssëtz aus Gesondheetsgrënn iwwerlooss.[3]

PrivatliewenÄnneren

De Justin Turpel ass bestuet an huet dräi Kanner an dräi Enkelkanner.

Um SpaweckÄnneren

ReferenzenÄnneren