Den Daniel Mac Lloyd, gebuer de 6. Juli 1995 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche fräischaffende Kënschtler zënter 2015. Seng Begeeschterung fir Faarwen a Formen huet ugefaangen, ier hie lafe konnt. Déi faarweg Graffiti am Skatepark hunn hie markéiert a si mat sengen Aquarellmolereien aus senger Kandheet zu engem eegene Stil gewuess. A sengen Aarbechte kombinéiert hien dacks abstrakt Aquarellgraffitie mat abstrakte Formen, Villercher oder Mieresdéieren.

Daniel Mac Lloyd
Gebuer 6. Juli 1995
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kënschtler

Seng Aarbechten als Muralist an als Urban Artist sinn am ëffentleche Raum a ville Länner ze gesinn: Niewent Lëtzebuerg och an Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Holland, Italien, Portugal, Spuenien, Tierkei an um Cap Vert.

Zesumme mam Raphael Gindt huet hien den 29. September 2018 d'Konschtgalerie Kamellebuttek zu Esch-Uelzecht opgemaach.[1] Donieft hunn si zwee zwou Asblen am Beräich Konscht gegrënnt. Am Januar 2019 hunn déi zwéi Kënschtler am Kamellebuttek eng eege Konschtschoul opgemaach[2].

Seng Konscht besteet doran, d'Magie an d'Schéinheet vum Liewen am Klengen ze weisen, déi vill ze dacks am Alldag iwwersi ginn. Mat liichtenden a liewege Faarwen an dynamesche Beweegungen versicht hien se siichtbar ze maachen. Seng Konscht ass spontan, instinktiv an entsteet aus dem Ënnerbewosstsäin. Seng Motiver sinn dacks der Natur ganz no. Hie beschreift seng kënschtleresch Motivatioun, datt säi Geescht stänneg d'Welt erfuersche géif, wéi se geformt a gefiert wier, wéi se ausgesi kéint a wat fir Geschichten se erziele kéint. Dës Iddien iwwer d'Konscht an d'Realitéit ëmsetzen, géif säi Geescht berouegen an him Fridde ginn. Hien ass dervun iwwerzeegt, dat d'Sich no Gléck an der Freed vum Ënnerwee sinn an an der Bedeitung vum eenzelen Ament läit.

Ausstellungen

änneren
  • 2024
GSK Duo Show with Joel Rollinger, Lëtzebuerg
Kamellebuttek, Esch-Uelzecht
Artist Meeting, Knokke
Urban Art Fair, Paräis
District13 Art Fair, Paräis
  • 2023
ESCH23, Kamellebuttek
FUELBOX VIII, Lëtzebuerg
Pebeo Art Prize, FluctuArt Paräis
Urban Art Fair, Paräis
  • 2022
COLORIZE Duo Show, Kamellebuttek
SAF2022, Grenobel (FR), Ancien Musée de peinture
Nature Takes Over, Kamellebuttek
  • 2021
Artmagedon Groupe show, Montpellier (FR)
COLORIZE, Ponte de Sor (P)
  • 2020
EXPO3, Kamellebuttek, Esch-Uelzecht
Batiment 4, Esch-Uelzecht
COLORIZE, Santo Antao, Cap Vert
  • 2019
28 Stars, GoGallery Amsterdam
Urban Art show, Kamellebuttek
De Velosbuttek, Schëffleng
  • 2018
Kamellebuttek Opening Show
Schwaarzt Haus, Lëtzebuerg
Alchemic Body – Collective exhibition, Bogota (COL)
Pop Of Color Duoshow, Galerie “A Rousen” Péiteng
United – Collective show, Gologorski Gallery Kraków
  • 2017
UECHT – Collective exhibition, Esch-Uelzecht
Art2Cure, Galerie de l’indépendance, Lëtzebuerg
YA Collection – Collective exhibition, LemoArt Gallery, Berlin
Urban Art, Galerie A Spiren, Strossen
  • 2016
AWAKENING, solo show, Peppe Parola, Lëtzebuerg
Fuel BOX 301, Stroossen
CanCan Exhibition, LemoArt Gallery, Berlin
EVBK Collective exhibition, Prüm (GER)
  • 2015
“Streetart for inside”, Art Connection Gallery Luxembourg
  • 2012
EVBK – Groupe exhibithion of european artists, Prüm
Facettes artistiques, Hôtel du Parc Clervaux
  • 2009
Accrochage d’été, Bauschelt

Präisser an Auszeechnungen

änneren
  • Biennale vu Stroossen 2024 – Prix d’Encouragement  
  • Street Art Awards Benelux 2018 – Best European Street Artist under 25
  • 1.Präis JUKOWO Déifferdeng 2019
  • 1. Präis Kulturkompass 2018

Um Spaweck

änneren

Referenzen

änneren
  1. Luc Labulle, "Wir sind ein richtiger 'Kamellebuttek'", Bruch, Neue Kunstgalerie eröffnet am 29. September, tageblatt 31. 08. 2018, S.26; Straßenkünstler eröffnen eigene Galerie im Escher Bruch op tageblatt.lu
  2. Bill Wirtz, Eine Kunstschule für alle, Lëtzebuerger Journal, 9. 1. 2019 Archivéiert de(n) 2019-01-22. Gekuckt de(n) 2019-01-11.