McDonnell Douglas DC-10
D'McDonnell Douglas DC-10 ass ee Langstreckefliger vum amerikanesche Fligerhiersteller McDonnell Douglas. Den dräistralege Fliger hat säin éischte Fluch den 29. August 1970. D'DC-10 war nieft der Boeing 747 laang Zäit de schwéiersten an heefegste Fliger vun der Welt.
Geschicht vun der DC-10
ännerenD'United States Air Force huet Mëtt der 60er Joren no engem neie Groussraumdüsenjet gesicht, fir hir al Propellerfligeren z'ersetzen. Déi gréisst amerikanesch Fligerhiersteller Boeing, Lockheed a Douglas hu sech un der Ausschreiwung bedeelegt, déi Lockheed dunn 1965 gewonnen huet. Boeing an Douglas hunn aus deem Programm awer vill fir de Bau vu spéidere Fligere geléiert. Sou huet Boeing e puer Joer méi spéit mat der Entwécklung vun der 747 ugefaangen. Douglas huet duerch seng finanziell Schwieregkeete mat McDonnell, engem Hiersteller vu Militärfligeren, fusionéiert. Doduerch konnt Douglas mat der Entwécklung vun der DC-10 weiderfueren, an 1968 déi amerikanesch Fluchgesellschaft American Airlines als éischte Keefer vum Fliger iwwerzeegen.
Am Dezember 1988 gouf mat der Produktioun vun der DC-10 opgehalen, well nom erfollegräichen Atlantikfluch vun engem zweestralege Fliger ufanks der 80er d'Nofro fir déi dräistraleg DC-10 zeréckgoung. Vill Fluchgesellschaften hunn hir DC-10 Flott duerch spuersam zwéistraleg Fligeren ersat. Am Juli 2000 hunn Deeler déi vun enger DC-10 gefall waren, zum Ofstuerz vun enger Concorde gefouert. Duerch dat Accident gouf de Betrib vun der Concorde agestallt.
Versiounen
ännerenVun der DC-10 gëtt et 5 Haaptversiounen:
- DC-10-10, d'Haaptversioun, geduecht fir den amerikaneschen Inlandstransport
- DC-10-15, méi staark Motore wéi DC-10-10 fir och kënnen op Fluchhäfen déi héich leien, kënnen ze landen
- DC-10-30, déi zweet Laangstreckeversioun, erfollegräichste Modell a virun allem vill vun europäesche Fluchgesellschafte benotzt
- DC-10-40, éischt Laangstreckeversioun
- KC-10A, eng Militärversioun fir d'Betankung an der Loft
Teschnech Daten
ännerenParameter | DC-10-10 | DC-10-30 | DC-10-40 |
---|---|---|---|
Längt | 55,55 m | 55,06 m | 55,04 m |
Spanwäit | 47,43 m | 50,39 m | 50,39 m |
Héicht | 17,70 m | 17,70 m | 17,70 m |
Fligelfläch | 329,8 m² | 338,8 m² | 338,8 m² |
Maximalstartgewiicht | 186.025 kg | 251.815 kg | 251.815 kg |
Eidelt Gewiicht | 110.710 kg | 122.960 kg | 123.640 kg |
Notzlaascht | 41.290 kg | 44.010 kg | 43.330 kg |
Héchstvitess | 960 km/h | 960 km/h | 960 km/h |
Maximal Reechwäit | 10.220 km | 10.500 km | 11.190 km |
Reechwäit mat voller Notzlaascht | 4.355 km | 7.400 km | 6.485 km |
Passagéierzuel | 265 (typesch) bis 380 (maximal) | 265 (typesch) bis 380 (maximal) | 265 (typesch) bis 380 (maximal) |
Motoren (3 Turbofanen) | General Electric CF6-6D | General Electric CF6-50C2 mat jee 226,8 kN Startleeschtung |
JT9D-20 mat jee 249,1 kN Startleeschtung |
Kuckt och
ännerenCommons: McDonnell Douglas DC-10 – Biller, Videoen oder Audiodateien |