De Pleonasmus (Griichesch: πλεονασμóς pleonasmós Iwwerfloss) ass eng rhetoresch Figur, bei där eng Ausso duebel gebraucht gëtt.

Meeschtens gëtt de Pleonasmus onbewosst gebraucht. An deem Fall gëllt en als schlechte Stil. Allerdéngs gehéiert dat bewosst Widderhuele vu Sazdeeler zu der héijer Konscht vun der Ried, der Rhetorik.

Beispiller änneren

  • är eege Wonschlëscht
  • doudeg Läich
  • echt Lieder
  • ëmmer an éiweg
  • grousse Ris
  • Guerilla-Krich
  • HIV-Virus
  • klengen Zwerg
  • Laacher Séi
  • massiv Eechenholz
  • mat mengen eegenen Aen
  • mat mengen eegenen Hänn
  • mëndlech Ried
  • nees erëm
  • nëmme just
  • schwaarzen Neger
  • voll a ganz
  • wäisse Schëmmel

De Géigendeel vun engem Pleonasmus ass en Oxymoron.