Airbus A380
Breet-Kierper, duebel-Deck, véier-Moteur Fliger, de Moment de gréisste Passagéierfliger vun der Welt
Den Airbus A380 (als Steigerung vu Jumbo-Jet och Superjumbo genannt) ass ee véierstralege Groussraumfliger vum europäesche Fligerbauer Airbus. Et ass dee gréissten ziville Passagéierfliger dee jee a Serienproduktioun goung. Säin éischte Fluch hat en de 27. Abrëll 2005. De 15. Oktober 2007 gouf déi éischt Maschinn un d'Singapore Airlines ausgeliwwert.
Den Airbus A380 gëtt zanter 2004 zu Toulouse an der Industriezon déi nom Jean-Luc Lagardère benannt ass zesummegebaut. Déi Zon ëmfaasst eng ronn 50 Hektar. Déi grouss Hal huet eng Fläch vun 12,25 ha an ass 46 Meter héich.
Versiounen
ännerenBei alle Versioune ginn d'Honnerternummeren nach ënnerdeelt, woubäi un zweeter Plaz de Motorhiersteller steet an un drëtter d'Variant vum Motor.
- A380-700: gekierzt Versioun vu 67,9 Meter fir maximal 481 Passagéier a mat enger Reechwäit vu 16.200 km, déi bis elo weeder bestallt nach ausgeliwwert gouf
- A380-800: d'Basisversioun fir bis zu 525 [1] Passagéier mat enger Reechwäit vu 15.200 km
- A380-800R: geplangt A380-800 Versioun mat enger Reechwäit vu 16.200 km
- A380-800F: bis 2010 op Äis geluecht Frachtversioun vum A380-800 fir bis zu 157,4 Tonne Fracht bei enger Reechwäit vun 10.400 km
- A380-900: gestreckt Versioun vum A380-800 fir bis zu 963 Passagéier, fir déi 2010 mat der Entwécklung soll ugefaange ginn.
Bestellungen
ännerenFluggesellschaft | A380-800 | Dovun ausgeliwwert | Motoren |
---|---|---|---|
Air France | 12 | 4 | GP72XX |
British Airways | 12 | 0 | Trent 900 |
China Southern Airlines | 5 | 0 | Trent 900 |
Emirates | 90 | 15 | GP72XX |
Etihad Airways | 10 | 0 | GP72XX |
ILFC | 10 | 0 | GP72XX |
Kingfisher Airlines | 5 | 0 | k. A. |
Korean Air | 10 | 0 | GP72XX |
Lufthansa | 15 | 4 | Trent 900 |
Malaysia Airlines | 6 | 0 | Trent 900 |
Qantas Airways | 20 | 6 | Trent 900 |
Qatar Airways | 5 | 0 | k. A. |
Singapore Airlines | 19 | 11 | Trent 900 |
Thai Airways International | 6 | 0 | Trent 900 |
Virgin Atlantic Airways | 6 | 0 | Trent 900 |
al-Walid ibn Talal Al Saud | 1 | 0 | Trent 900 |
Total | 234 | 40 |
Technesch Daten
ännerenVariante | A380-800 | A380-800F (Entwécklung op Äis geluecht) |
A380-900 (Entwécklungsufank zirka 2010) |
---|---|---|---|
Längt: | 72,30 m | zirka 79,40 m | |
Spanwäit: | 79,80 m | ||
Héicht: | 24,10 m | ||
Kabinnelängt: | 50,68 m | k. A. | |
Duerchmiesser: | 7,14 m (horizontal) x 8,40 m | ||
Maximal Kabinebreet: | 5,92 m (Uewerdeck) 6,58 m (Haaptdeck) | ||
Fligelfläch: | 845 m² | ||
Maximaalt Eidelgewiicht: | 275 t | 286 t | k. A. |
Maximaalt Startgewiicht: | 560 t | 590 t | zirka 590 t |
Maximaalt Landegewiicht: | 386 t | 427 t | k. A. |
Typesch Notzlaascht: | 66,4 t | 157,4 t | k. A. |
Passagéierkapazitéit: (3 Klassen) |
5251 | 12 | zirka 650 |
Maximal Passagéierkapazitéit: | 8532 | zirka 960 | |
Maximal Tankkapazitéit: | 310.000 l | 370.000 l | |
Motoren: | Engine Alliance GP7200 Rolls-Royce Trent 900 |
Engine Alliance GP7277 Rolls-Royce Trent 970 |
Engine Alliance Rolls-Royce Trent |
Schub: | 311 kN pro Motor | 340 kN pro Motor | k. A. |
Héchstvitesse: | Mach 0,95 | ||
Wirtschaftlechst Vitess: | Mach 0,85 | ||
Reechwäit: | 15.200 km | 10.400 km | zirka 14.200 km |
Fluchhéicht: | 13.100 m | k. A. | |
Startstreck: | 3.353 m | 3.231 m | k. A. |
Kuckt och
ännerenCommons: Airbus A380 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Um Spaweck
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Depliant vun Airbus deen e bei der Visite vum Center zu Toulouse kritt