Coupe de la Ligue (Lëtzebuerg)

D'Coupe de la Ligue am Foussball ass eng national Kompetitioun zu Lëtzebuerg a gëtt zënter 2016[1] vun der Lëtzebuerger Football Ligue (LFL)[2] organiséiert. Déi Coupe gëtt virum Ufank vun der neier Saison tëscht dem Gewënner vum Championnat an deem vun der Coupe de Luxembourg vun der viregter Saison op engem neutralen Terrain gespillt.

Modus änneren

Wann e Veräin an der Saison virdrun den Doublé aus Coupe a Meeschterschaft gewonnen huet, spillt en an der Coupe de la Ligue géint den ënnerleeëne Coupe-Finallist. Datt war sou 2016 (US Munneref) an 2017 (CS Fola Esch) de Fall. Bei engem Gläichspill no 90 Minutte geet et direkt an d'Eelefmeeterschéissen, et gëtt keng Verlängerung.

Matcher änneren

LFL-Coupe de la Ligue
Datum Terrain Champion Resultat Pokalgewenner/-finalist Arbitter
31.07.2016 Stade Municipal de Rumelange F91 Diddeleng 1:0 US Munneref Laurent Kopriwa
30.07.2017 Stade Jos-Becker, Hostert F91 Diddeleng 2:2 / 8:9 n. E.[3] CS Fola Esch Sven Bindels
28.07.2018 Stade Jos-Haupert, Nidderkuer F91 Diddeleng 2:0 Racing FC Union Lëtzebuerg Sergio Rodrigues
20.07.2019 Terrain ZAC Klengbousbierg, Biissen F91 Diddeleng 0:2[4] Etzella Ettelbréck Alain Durieux

Geschicht änneren

Schonn an de Joren 1982 bis 1986 gouf et eng änlech Kompetitioun ënner dem Titel Supercup.

FLF-Supercup
Datum Champion Resultat Coupegewënner
13.06.1982 FC Avenir Beggen 0:1 US Rumelange
30.08.1983 Jeunesse Esch 3:1 FC Avenir Beggen
24.08.1984 FC Avenir Beggen 1:4 Union Lëtzebuerg
23.08.1985 Jeunesse Esch 2:1 Red Boys Déifferdeng
28.08.1986 FC Avenir Beggen 2:0 Union Lëtzebuerg

Referenzen änneren

  1. La Coupe de la Ligue arrive au Luxembourg. L'essentiel. Gekuckt de(n) 2020-03-30.
  2. Eng ASBL déi vun 18 lëtzebuerger Foussballveräiner zesummegesat ass fir de Clibb hir Interessië vis-à-vis vun der FLF ze verteidegen.
  3. Coupe de la Ligue: D'Fola gewënnt no Eelefmeterschéisse géint den F91. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2020-03-30.
  4. Coupe de la Ligue: Etzella klappt zweet Gard vum F91. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2020-03-30.