Lëtzebuerger Football Ligue
D'Lëtzebuerger Football Ligue ass eng ASBL mat Sëtz zu Péiteng, déi den 21. Mäerz 2017 gegrënnt gouf.
Lëtzebuerger Football Ligue | |
---|---|
Ofkierzung | LFL |
Zweck | D'Intressie vun der ieweschter Foussballsdivisioun ze vertrieden |
Grënnungsdatum | 2017 |
Memberen |
18 (± 4) mat engem Minimum vun 10 |
Sëtz |
59, route de Luxembourg L-4761 Péiteng |
De Veräi besteet aus op d'mannst 10 Memberen aus der ieweschter Spillklass vum lëtzebuergesche Foussball, der BGL Ligue. All Veräi gëtt vun engem vu senge Kommiteesmembere vertrueden. D'Grënnungsmembere waren all d'Veräiner déi 2017 an der BGL-Ligue gespillt hunn.
D'Zil vum Veräi gëtt am Artikel 2 vun de Statute follgendermoosse festgehalen:
L'association a pour objet de protéger et de représenter sur le plan national et international les intérêts des clubs sociétaires de la plus haute division de football du pays en tant qu'entité et de soutenir toute activité quelconque de nature à promouvoir et favoriser directement ou indirectement la pratique et le développement du football au plus haut niveau à savoir l'actuelle BGL-Ligue.
Eng vun hiren Organisatiounen ass all Joer den Optaktmatch vun der neier Foussballsaison, deen ënner dem Numm Coupe de la Ligue gespillt gëtt.