Djuna Bernard
D'Djuna Bernard, gebuer de 15. Juni 1992[1], ass eng lëtzebuergesch Politikerin a Conseillère de direction am soziale Beräich.
Djuna Bernard | |
---|---|
Gebuer | 15. Juni 1992 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun |
Universitéit vun Heidelberg, Universitéit vu Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker, Scout |
Partei | déi gréng |
Formatioun a Karriär änneren
D'Djuna Bernard war vun 2011 bis 2014 op der Uni Lëtzebuerg wou si hire Bachelor an Europäescher Geschicht gemaacht huet. Am Kader vum Erasmus-Programm war si 2013 fir en Auslandssemester op der FU zu Berlin. Vun 2015 bis 2017 huet si op der Uni zu Heidelberg e Master an Non-Profit Management and Governance gemaacht[2].
Si war Chargée de cours am LJBM, Benevole a Chargée de Mission beim Roude Kräiz an duerno bei Elisabeth - am sozialen Déngscht zu Lëtzebuerg[2].
D'Djuna Bernard war vu Mäerz 2016 bis Mäerz 2018 Presidentin vun der Conférence Générale de la Jeunesse.
Politesch Mandater änneren
Bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 war si fir déi éischt Kéier Kandidatin am Bezierk Zentrum. Si gouf net direkt gewielt, ass awer fir d'Sam Tanson nogeréckelt wéi déi an d'Regierung genannt gouf. D'Djuna Bernard ass de 6. Dezember 2018 als Deputéiert vereedegt ginn[3] an huet hiert Mandat bis zum Enn vun der Champesessioun 2022-2023 erfëllt. Den 10. Oktober 2019 gouf d'Djuna Bernard Vizepresidentin vun der Chamber, nodeems den Henri Kox an d'Regierung gewiesselt ass.[4]
De 16. Mäerz 2019 gouf si op engem Parteikongress, zesumme mam Christian Kmiotek, zur Ko-Presidentin vun Déi Gréng gewielt. Am Juli 2020 gouf si, mam Meris Sehovic, zu engem vun de Co-Presidente vun deene Grénge gewielt.
Si ass zanter de Gemengewale vum Juni 2023 Gemengeconseillère an der Gemeng Mamer.
Literatur änneren
- Pol Schock: "The new Greens." d'Lëtzebuerger Land Nr.27, 3. Juli 2020, S. 2-3.
Um Spaweck änneren
- Serie: de politeschen Nowuess - D'Djuna Bernard gräift no de Stären op rtl.lu den 20. September 2018
Referenzen an Notten änneren
- ↑ D'Djuna Bernard iwwert Jugend an Demokratie op fgfc.lu, fir d'lescht gekuckt de 6. Dezember 20187
- ↑ 2,0 2,1 D'Djuna Bernard op hirem Konto bei linkedin.com
- ↑ «Je jure fidélité au Grand-Duc» op wort.lu de 6. Dezember 2018
- ↑ Chambre des Députés. Gekuckt de(n) 29.10.2019.