Jeunesse étudiante chrétienne (Lëtzebuerg)

D'Jeunesse étudiante chrétienne (ofgekierzt JEC) ass zu Lëtzebuerg e chrëschtleche Mouvement fir Jugendlecher.

Si besteet zanter 1944. D'Haus vun der JEC ass um Belair hanner dem Haus vun de Jesuitten. D'JEC-Lëtzebuerg invitéiert all Freide Jonker an hire Schülercafé. D'Aktivitéite gi begleet vun engem Pastoralassistent an engem Aumônier. Dat Ganzt gëtt verwalt an ënnerstëtzt duerch d'JEC a.s.b.l. an hirem Verwaltungsrot.

Aktivitéiten änneren

De System vun der JEC besteet aus 4 Gruppen: Cadeten (12-14 Joer), Moyenen (14-16 Joer), Cheffen (16-19), Grouss Ekipp (16-25). Et gëtt 2 Chefekippe fir d'Cadeten an d'Moyenen z'animéieren a fir hinne flott Aktivitéiten ze proposéieren. D'Cadeten an d'Moyenen hunn ofwiesselnd all zweete Freide Versammlung. An deene Versammlunge ginn zum Beispill Spiller gemaach, et gëtt gebastelt, oder se gi Schlittschong fueren an an de Kloterpark. D'Grouss Ekipp besteet eréischt zanter 2010. All 3 Wochen ass eng Versammlung. D'Grouss Ekipp huet zum Beispill eng Viz Aktioun gestart fir d'JEC finanziell z'ënnerstëtzen.

Geschicht änneren

Zanter 1895 hu sech d'Jesuitte fir d'zweet zu Lëtzebuerg niddergelooss an hu sech schonn ëmmer fir d'Educatioun vum Jonktem intresséiert. Si probéiere fir sech baussent der Schoul mat de Jonken auserneenzesetzen an hëllefen hinne sech z'orientéieren. En plus gi si de Jugendlechen d'Chance, mat Treffen am Rhythmus vun enger Woch, weidert Wëssen iwwer d'Relioun ze kréien.

Wärend deenen Treffe si grouss Frëndschaften entstanen, déi iwwer de Krich erhale goufen. An der Euphorie vun der Liberatioun hat all Mënsch déi selwecht Iddi an dee selwechte Wonsch fir eppes Neies opzebauen. D'Jesuitte wëllen no där schwéierer Zäit eng Plaz fir déi Jonk schafen, wou se mierken datt se net eleng sinn a wou si déi selwecht Iddi an Iwwerzeegung zesummenhält.

Eng JEC Karriär änneren

Vun Ouschteren am 6. Schouljoer u kann een als Cadet fir déi éischt Kéier an d'JEC kommen an dann och mat op de Cadets Camping goen. Wann een dann zu deene Jéngsten am Lycée gehéiert kann ee vun der Rentrée am September un, all zwou Wochen an d'Cadets-Versammlunge goen. Mat de Cadete geet et dann normalerweis all Trimester eng Kéier op e Weekend vun zwee Deeg, a fir d'Joer schéin ofzeschléisse geet et an den zwou éischte Woche vun der Grousser Vakanz op ee Camping. Een Highlight vum Camping ass en Hike vun 3 Deeg op deem een déi aner richteg kenneléiert an als Grupp zesummewiisst. Traditionell Campingsaktivitéite sinn eeben den Hike, en Dîner aux chandelles an zum Ofschloss nach eng Artiste-Veillée op där d'Cadeten an d'Moyene sech treffen an hiert d'Kënne beweisen. No 2 Joer Cadet kënnt een dann an d'Moyensekipp an do gesinn déi zwee Joer och ongeféier d'selwecht aus, dat heescht dräi Weekender am Joer an all Joer ee Camping. Een eenzegen Ënnerscheed zu de Cadeten ass, datt probéiert gëtt eng méi sozial Aktivitéit ze maachen, wei zum Beispill 2010 ware s'an d'Weilerbaach an et gouf mat deene Jugendlechen zesummen Aktivitéiten ënnerholl.

No der verspillter Cadets- a Moyenscarrière kann een "Ancien" ginn oder wann ee méi Zäit huet gëtt et e bësse méi Eescht an et gëtt ee Chef. Uganks September geet een dofir fir d'éischt op eng Formatioun, op der ee seng Chefekipp matgedeelt kritt, an Informatioune kritt fir säin éischt Cheffe-Joer richteg ze starten. Nodeem een da seng éischt selwer organiséiert Versammlungen erfollegräich gemeeschtert huet, geet et am Wanter op eng zweet Formatioun. Am Ufank vum Summer ass eng lescht Formatioun, a mat där huet een da mol genuch geléiert fir dat Joer. Dat schwéierst fir e Chef ass ëmmer d'Organisatioun vun engem Camping op deem déi Meescht richteg léiere wat et bedeit Chef ze sinn. Nodeem ee sech an der grousser Vakanz vun deem ganze Joer erholl huet geet et an déi zweet Ronn, déi erëm aus ville Versammlunge besteet déi z'organiséiere sinn, 3 Formatiounen an zum Ofschloss engem säi leschten Camping. No deem Joer ass een normalerweis op Première an deem Joer ass et keng sou gutt Iddi Chef ze ginn an dofir gëtt et d'Grouss Ekipp. An der Grousser Ekipp sinn also déi al Cheffen déi elo och Anciene sinn an déi, déi guer net Chef gi waren, e plus ka jiddwereen an d'grouss Ekipp kommen, och wann en ni an der JEC war, et muss ee just iwwer 16 Joer hunn. Déi Leit kënnen am Rhythmus vun dräi Wochen zousätzlech Aktivitéiten organiséieren, wéi zum Beispill d'Vizaktioun.

Literatur änneren

  • Pol Estgen, Gérard Kieffer, Guy Thewes: L'histoire d'une Jeunesse, 50 ans de projets et d'actions, JEC 1995

Um Spaweck änneren