Association des cercles d'étudiants luxembourgeois

(Virugeleet vu(n) ACEL)


D'Association des cercles d'étudiants luxembourgeois, kuerz ACEL, gegrënnt am Joer 1984, ass den Daachverband vun de Lëtzebuerger Studentencercelen. E vertrëtt iwwer 40 Studentencercelen, déi iwwer ganz Europa verdeelt sinn. Domat ass d'ACEL de Vertrieder vu méi wéi 10.000 Studenten an de gréissten a wichtegste Studentevertrieder zu Lëtzebuerg. D'ACEL ass ideologesch a politesch neutral, dat heescht datt e keng bestëmmt parteipolitesch Meenung vertrëtt. Dat ass extreem wichteg fir dem Usproch, all d'Studenten ze representéieren, kënne gerecht ze ginn.

Association des Cercles d'Étudiants Luxembourgeois
Ofkierzung ACEL, de Studentevertrieder
Zweck Studentevertriedung
Grënnungsdatum 1984
Memberen iwwer 40 Membercerclen[1]
Sëtz 2, avenue de l'Université L-4365 Esch-sur-Alzette
Presidentin Ann Bertemes[2]
Websäit acel.lu

Beschreiwung änneren

Vill Lëtzebuerger Studente mussen hire Studium am Ausland maachen, well déi komplett Studiegäng déi d'Universitéit Lëtzebuerg ubitt begrenzt sinn. Dat ass eng Situatioun, déi Virdeeler mat sech bréngt an zur Grënnung vu Studentevereenegungen a villen europäesche Stied gefouert huet. D'Cercle mat den aktive Membere vun der ACEL sinn op 9 Länner verdeelt, an zwar d'Belsch, Däitschland, Frankräich, Groussbritannien, Éisträich, Holland, Lëtzebuerg an d'Schwäiz an de Vereenegt Staate vun Amerika. Déi Vereenegungen empfänken a vereenen d'Lëtzebuerger Studente wärend hirer Studienzäit an de jeeweilege Stied. Dernieft gëtt et nach 9 fachspezifesch Cerclen (Medezinner, Ekonomisten, Juristen, Psychologen, Archivisten/Bibliothekären, Ingenieuren, Kommunikatioun, Geschicht, a BTS-studenten).

Zanter senger Grënnung huet sech den Daachverband vun de Studentencercelen dräi Haaptaufgabe gesat:

  • Informatioun vun de Studenten a vun den zukünftege Studenten.
  • Zesummebrénge vun de lëtzebuergesche Studenten am Ausland, wéi och zu Lëtzebuerg.
  • Representatioun a Verdeedegung vun de Rechter vun de Studenten op nationalem an internationalem Niveau.

Cerclen änneren

Fachspezifesch Cerclen änneren

  • ALEM MedezinStudenten
  • ALEP Psycholgiestudenten
  • ANEIL Ingenieurstudenten
  • ANELD Association nationale des Etudiants luxembourgeois en Droit
  • ANESEC Association Nationale des Etudiants en Sciences Economiques et Commerciales 
  • Historic.UL
  • Jonk BAD

Lännerspezifesch Cerclen änneren

Belsch änneren

  • CELB Bréissel
  • CELBas Baaschtnech
  • LESTLE Léck
  • GDL Louvain-la-Neuve

Éisträich änneren

  • LSI Innsbruck
  • LSW Wien

Däitschland änneren

  • AELK Karlsruhe
  • ALESONTIA Bonn
  • AVL Oochen
  • LSB Bingen
  • LSC Köln
  • LSD Düsseldorf
  • LSH Heidelberg
  • LSK Kaiserslautern
  • LSM München
  • LSS Saarbrécken
  • LST Tréier
  • LSWü Würzburg
  • SLUF Freiburg
  • VLIB Berlin

Frankräich änneren

  • AELP Paräis
  • ALUS Stroosbuerg 
  • CELM Montpellier
  • ELAN Nanzeg
  • Letz'Aix Aix-en-Provence

Holland änneren

  • RLA Amsterdam
  • LSMaas Maastricht

Groussbritannien änneren

  • SLSB Studenten a Groussbritannien

Lëtzebuerg änneren

  • LSS Lëtzebuerg

Schwäiz änneren

  • AELL Lausanne
  • Friblëtz Fribourg
  • LSSG St. Gallen
  • LSZ Zürich

USA änneren

  • LUAM Miami University, Oxford

Anerer änneren

  • aAcel Amicale vun der ACEL
  • REEL Comité fir d'Organisatioun vun der REEL

Informatioun änneren

D'ACEL bréngt net nëmmen hir Studenten zesummen, mä informéiert se och. Dëst mécht se mat Hëllef vun hirem Guide du Futur Diplômé, dee geduecht ass dem jonken Diploméierten eng Starthëllef ze si fir an d'Aarbechtswelt. Doriwwer eraus huet d'ACEL sech och als Zil gesat, déi zukünfteg Studenten ze informéieren, an zwar mat hirem Guide du Futur Étudiant, deen all Joer am September nei eraus kennt.

De Guide du Futur Étudiant, deen et zanter 1987 gëtt, informéiert zukünfteg Studenten aus éischter Hand iwwert d'Liewen an d'Studieméiglechkeeten an de verschiddenen Unisstied. De Guide liwwert Informatiounen iwwert déi verschidden Unien, Aschreiwungsfristen, Aschreiwungskonditiounen, etc. an natierlech och wat d'Liewen an de Stied selwer betrëfft (z. B. wéi een am beschten eng Wunneng fënnt, de Präis vum Loyer, etc.).

De Guide du Futur Diplômé, deen et zanter 1999 gëtt, regroupéiert all wichteg Informatioune fir den Antrëtt an d'Beruffswelt. Dëse Guide kënnt all Joer am Hierscht, zesumme mam Guide du Futur Etudiant eraus.

Déi zwéi Guidë kritt ee gratis an all Spuerkeess Agence, beim CEDIES, an de Lycéeën a bei der ACEL selwer.

D'ACEL stellt sech fir ass eng kleng Informatiounsbroschür an där d'ACEL a seng verschidde Piliere kuerz virgestallt gëtt.

Nieft dësen zwou Publikatioune geet d'ACEL am Kader vun de Studieninfos reegelméisseg an di verschidde Lycéeë fir d'Schüler iwwert d'Studien ze informéieren an hir Froen iwwer de Studium, d'Uni an hir Zukunft ze beäntweren.

D'ACEL an hir Membercerclë sinn och all Joer op der Foire de l'Étudiant vertruede fir den zukünftege Studente sou gutt a sou vill wéi méiglech nëtzlech Informatioune mat op de Wee ze ginn.

Donieft organiséiert d'ACEL awer och hire Student fir een Dag, zesumme mat Voyages Emile Weber. Dee besteet aus verschiddenen Dagesreesen an déi verschidden Universitéitsstied, déi zesumme mat de jeeweilege Lëtzebuerger Cerclen organiséiert ginn. D'Uni, de Campus an d'Stad selwer gi vun de lëtzebuergesche Studenten op der Plaz gewisen an erkläert.

Um Programm stinn d'Visite vun den Unien a vun deene wichtegste Gebaier vum Campus, ewéi d'Bibliothéik, d'Hörsäll oder d'Verwaltungsgebaier. D'Visite gi mat engem Iessen oder engem Patt am Stamm-Restaurant/Café vum jeeweilege Cercle ofgeronnt. Natierlech gëtt wärend dem ganzen Dag op all méiglech Froe geäntwert an et entsteet ee gudden Austausch tëscht Schüler a Studenten.

Als 1ère oder 13ème* Schüler steet ee viru wichtegen Entscheedunge fir d'Zukunft. Soll ee studéiere goen oder net? A wéi eng Uni ass fir mech iwwerhaapt déi richteg? De Projet «Student fir 1 Dag» bitt eng eemoleg Geleeënheet fir d'Unien an d'Unisstied op eng ganz besonnesch Aart a Weis kennen ze léieren an dem Student bei sengen Entscheedungen ze hëllefen.

Zesummebréngen  änneren

D'Representéieren an d'Informéiere si wichteg Bestanddeeler vun der ACEL hirer Aarbecht. Dat funktionéiert awer just an Zesummenaarbecht mat de Cerclen. Fir ze garantéieren, datt tëscht der ACEL an de Cerclen eng permanent Zesummenaarbecht besteet, ass et deem Pilier seng Aufgab d'Studente souwuel am Land wei och am Ausland zesummenzebréngen. Dat geschitt op follgenden Evenementer iwwert d'Joer:

De Studentebal änneren

Den ACEL Studentebal ass kee Bal wéi déi aner. Wéinst sengem ganz spezielle Konzept ass et de Studentebal vum Joer. Do sinn iwwert 20 Lëtzebuerger Studentencercelen aus ganz Europa vertrueden, déi mat lokale Gedrénks-Spezialitéiten a kreativer Dekoratioun hir Stad vertrieden. D'Gedrénks gëtt natierlech zu studentegerechte Präisser ugebueden. De Bal ass déi ideal Plaz fir an engem relaxe Kader Erfarungen an Erënnerunge ronderëm d'Studenteliewen auszetauschen a mat Kolleege gutt ze feieren. Besonnesch um Studentebal ass och, datt en op enger Kooperatioun tëscht der ACEL a senge Membercerclë baséiert. Souwuel beim Op- an Ofbau vum Bal selwer, wei och bei de Virbereedungen an dem Oflaf sinn d'Cerclë mat agebonne a maachen dëse Bal zu engem eenzegaartegen Event. De Benefice vum Bal et dann och komplett op déi eenzel Cerclë verdeelt. Dat bitt dëse Cerclen d'Méiglechkeet, hire Memberen iwwert d'Joer verschidden Aktivitéiten an hirer Studentestad unzebidden.

REEL änneren

D'Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois, kuerz REEL, ass wuel ee vun deene wichtegste Rendez-vous'en am Kalenner vum Student. Zanter 1984 fënnt se all Joers an enger anerer europäescher Studentestad statt. All Joer versammele sech 120 „REELaner“ aus ganz Europa an enger Stad a verbrénge 4 onvergiesslech Deeg zesummen. Dobäi gëtt e flotte Programm aus enger Mëschung vu politeschen Diskussiounen, kulturelle Visite, Kontakt mat Partner a flotten Owender ënnert Kolleege gebueden. Doriwwer eraus wielt all REEL en Theema, wouriwwer mat Politiker a weidere wichtegen Acteuren zu Lëtzebuerg diskutéiert gëtt.

D'REEL bitt déi ideal Plattform fir a Kontakt mat potentiellen zukünftege Patronen ze kommen, fir un interessanten Diskussiounen iwwert Politik a virun allem iwwert d'Héichschoulpolitik zu Lëtzebuerg an engem interessanten Debat deelzehuelen, an dobäi vill nei Leit aus anere Stied kennenzeléieren. Keen anert Event zu Lëtzebuerg bitt sou eng gutt Méiglechkeet a Kontakt mat anere Studenten ze kommen.

Tournoi de Noël änneren

Och den Tournoi de Noël ass mëttlerweil zu engem feste Rendez-Vous fir all Cercle ginn. An der Chrëschtvakanz trieden déi verschiddene Cerclë mëttlerweil säit Joren am Fussball, Basket a Volleyball géinteneen un. D'Halen um Campus Geesseknäppche sinn ëmmer gutt gefëllt. Och wann all Cercle säi bescht gëtt, sou steet de Spaass an d vun de Kolleegen dobäi kloer am Virdergrond. Wärend d'LASEL sech em de sportlechen Deel këmmert ass der ACEL hir Roll fir sech um Tournoi ëm alles ronderëm ze këmmeren. Den Erléis deen an den zwéin Deeg zesummekënnt gëtt dann och ëmmer fir e gudden Zweck gespent. Sou huet d'ACEL dëse Montant déi lescht Joren un d'Fondation Cancer gespent an ass zesumme mat senge Cerclen um Relais pour la Vie matgelaf.

Intercerclen a Baler änneren

Iwwer d'ganz Joer beméie sech d'Cerclen, verschidden Events ze organiséieren a flott Programmer op d'Been ze stellen. Op enger Intercercle organiséiert e Cercle eng Aktivitéit wei zum Beispill e Beachvolleyball-Turnéier, e Rallye, e Grillfest oder eng kulturell Aktivitéit an hirer Studentestad an invitéiert déi aner Membercerclë vun der ACEL. De Sënn dervun ass kloer: Kenneléieren an den Austausch mat anere Studenten, flott Deeg ënner Kolleegen an nei Erfarungen. D'ACEL ënnersteet des Events duerch Subsiden.

Verschidde Studentececlë beméie sech donieft och, wärend dem Joer Baler zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Bekannte Baler wei den Zürcher, Bréisseler oder Münchner Bal gëtt et säit Joren. Mee och aner Cerclë beméie sech ëmmer, flott Owender op d'Been ze stellen. Och hei probéiert d'ACEL des Cerclen ze ënnerstëtzen andeems se sech un diverse Käschte bedeelegt. Zill vu sou Baler ass nämlech natierlech och, de Cerclen hir Kees ze fëllen, fir datt si d'ganz Joer iwwer en attraktive Programm kennen op d'Been stellen.

Representatioun änneren

Net manner wichteg wei d'Informatiounscampagne vun der ACEL ass d'Vertriedung vun de Studente vis-à-vis vun den Autoritéiten an d'Verdeedegung vun hire Rechter. An deem Kontext steet d´ACEL a reegelméissegem Dialog mat de verantwortleche Ministèren ënner anerem dee fir Héichschoulbildung a Fuerschung.

D'ACEL beméit sech d'ganzt Joer iwwer ëm konstruktiv Gespréicher mam Ministère fir aktuell Theemen ze diskutéieren déi de Student betreffen.

Sou gouf zum Beispill eng Erhéijung vun der finanzieller Hëllef erreecht, déi 2016 a Kraaft getrueden ass.

Weider beméit d'ACEL sech, fir datt d'Lëtzebuerger Studenten, déi an Däitschland studéieren, d'GEZ, a Lëtzebuerger Studenten, déi a Frankräich studéieren, d'Taxe d'habitation net méi bezuele mussen.

Bei enger Rei vun aktuellen Theemen, déi d'Studenten direkt betreffen ass d'ACEL aktiv a setzt sech fir de Student an. Se hëlt Kontakt mat auslänneschen oder lëtzebuergeschen Administratiounen op, fir Problemer ze léisen.

Um Spaweck änneren

  1. https://acel.lu/cercles
  2. https://acel.lu/comite/