Concours littéraire national 2006

Freides, den 20. Oktober 2006 huet de Kulturministère d'Präisdréier vum Concours littéraire national 2006 bekannt ginn, an deem et dës Kéier ëm Theaterstécker gaangen ass.

Den 13. Dezember 2006 koum et am Servais-Haus zu Miersch, dem Sëtz vum Centre national de littérature, zur offizieller Proklamatioun vun de Präisser an de Mentiounen.

D'Präisser änneren

  • Den éischte Präis goung un de Guy Wagner fir säi Stéck: D'Enn, mäi Frënd.
    • Wann d'Spill ufänkt, ass d'Bühn däischter.
    • Et héiert een e liicht Jéimeren, éischter nach e Wënselen, wéi vun engem Hond.
    • D'Wënsele gëtt méi staark an an engems gëtt d'Bühn vun der Mëtt aus lues a lues méi hell.
  • Den zweete Präis war fir de Jean-Paul Maes fir säi Stéck op Däitsch: Singapur.
  • Den drëtte Präis krut d'Carine Krecké fir hiert franséischsproochegt Stéck Rien à dire.

Mentiounen änneren

D'Präisiwwerreechung änneren

Nodeem d'Direktesch vum CNL, d'Madame Germaine Goetzinger d'Leit am Sall begréisst hat, huet de Charles Muller, deen dës Kéier President vun der Jury war, en Iwwerbléck ginn, wéi d'Jury mat den Texter eens gouf. Et ware 45 Theaterstécker, déi virlouchen; 24 op Franséisch, 12 op Lëtzebuergesch, 7 an däitscher Sprooch, zwee dovun op Englesch. D'Konditoune fir matzemaache ware wéi all Joer; et huet ee missen déi Lëtzebuerger Nationalitéit hunn oder den Haaptwunnsëtz zu Lëtzebuerg. Et ass och Wäert drop geluecht ginn, datt d'Stécker iwwerhaapt opgefouert kënne ginn. D'Madame Octavie Modert, Staatssekretärin fir Kultur, Héichschoulen a Fuerschung, souwéi fir d'Relatioune mam Parlament, huet an hirer Ried dorop higewise wéi lieweg d'Literatur sech an de leschte Joren am Land entwéckelt huet. Duerno koum et zu der Iwwerreechung vun de Präisser duerch d'Madame Modert.

Duerno krut all Präisdréier d'Geleeënheet, säi Stéck virzestellen an direkt drop krut de Public en Extrait vum Stéck virgefouert.

Der Carine Krécke hiert Stéck Rien à dire hannerfreet op eng luusseg an zum Deel spaasseg Aart e Weis d'Sprooch, déi dacks um éischten Degré hin an hierspénkt, an awer méi verréit, wéi et op deen éischte Bléck schéngt. De Claude Frisoni an den (??) konnten de sproochlech manner komplexen Text op eng spilleresch Manéier virdroen.

Dem Jean-Paul Maes säi Stéck plout méi déif. Aus dem Auteur senge Wierder war kloer erauszehéieren, datt hien en Deel vu sengen existenziellen Erfarungen an d'Stéck gepaakt huet.

D'Enn, mäi Frënd änneren

De Guy Wagner hat e Stéck an de Concours ginn, dat hien Enn der 80er, Ufanks der 90er an däitscher Sprooch, am Uschloss un Aller Tage Abend konzipéiert hat, an eréischt 2006 ëmgeschriwwen an op Lëtzebuergesch adaptéiert huet. Den Auteur huet a senger Mierscher Virstellungsried däitlech un den drëtten an de véierte vum Friedrich Dürrenmatt sengen 21 Punkte zu den Physikern erënnert.

  • Eine Geschichte ist dann zu Ende gedacht, wenn sie ihre schlimmst mögliche Wendung genommen hat.
  • Die schlimmst mögliche Wendung ist nicht voraussehbar. Sie tritt durch Zufall ein.

D'Marie-Paule von Roesgen an den Henri Losch hunn en Extrait aus dem Wagner sengem Stéck virgedroen. An enger Sprooch, déi eppes vun engem Baartmesser huet; sou schaarf, datt net jiddwereen direkt mierkt, wéi déif se schneit, geheie sech zwéi kierperlech handikapéiert Gesëschter Sätz an de Kapp. Aus dem Text geet net ervir, ob et zwéi Männer, zwou Fraen oder e Mann an eng Fra ass.
Den Nolauschterer fillt sech an dem Beckett säin Fin de partie eraversat, e Stéck, dat de Guy Wagner viru kuerzem op Lëtzebuergesch iwwerdroen huet. Zanter dem "Heckebuch" vum Alain Atten, sengem Néierewou, hat d'Lëtzebuergescht net dacks gewisen, datt et déif Gefiller ausdrécke kann.

Musek änneren

Fir de musikalesche Kader huet de Maxim Ladid gesuergt, e jonke Pianist, deen d'Rieden an d'Virträg begleet huet.

D'Jury änneren

D'Jury war besat mat:

Um Spaweck änneren