Néierewou: En Heckespill ass en Zeenespill a Balladeform vum Alain Atten aus dem Joer 1992.

D'Stéck gouf am Kulturzenter an der Fiels virgestallt; d'Opféierung vum Buergsonndeg 1992 gouf vun RTL opgeholl an de 14. Mäerz um aacht Auer owes nom Hei Elei Aktuell gewisen.

Op der Bün hat d'Stéck den Ënnertitel Eng Weis vun Doud an Däiwel, d'Enn vun engem Nascht! Dat "Nascht" ass Meesebuerg bei der Fiels. Am virviregte Joerhonnert haten d'Awunner dee Fleck verlooss, déi eng fir an Amerika hiert Gléck ze sichen, déi aner einfach sou.

A fatzegen Zeenen an dobäi an dem Atten sengem Stakkato; an enger ongemiddelter Sprooch kritt den Nolauschterer a kuerzen zwou Dose Balladen e "Weltënnergank am Gebeessglas" mat. Am Stéck ginn nëmmen Hausnimm genannt. D'Sprooch ass déi "vu fréier". Well de Schreiwer der Meenung ass, "Iwwer Bësch a Gewan däärf op lëtzebuergesch geschwë kee méi schreiwen, dee wëllt verstan gin", huet en dem Lieser "E Buch bei d'Buch" spendéiert. Op 40 Säiten erkläert den Auteur wat eng Freischt an eng "Mongolfjer" ass, wat den Ausdrock "am siwwente Fuurz" an "all siwwe Määrzliichter" bedeit.

Haut erënnert nach d'Schlass, d'Kierch an de Kierfecht u Meesebuerg, dat néierewou am Stéck ernimmt gëtt.