Samuel Beckett

iresche Schrëfsteller


De Samuel Barclay Beckett gouf Karfreideg, den 13. Abrëll 1906, als eelste Jong vu protestanteschen Elteren zu Foxrock (Dublin) am kathouleschen Irland gebuer. Hien ass den 22. Dezember 1989 zu Paräis gestuerwen, wou e sech scho virum Zweete Weltkrich etabléiert hat. Wéi de Krich ausgebrach ass, ass hien zu Paräis bliwwen, obschonn en hätt kënnen a seng neutral Heemecht zeréckgoen. Am Zweete Weltkrich war hie mat sengem Frënd Alfred Péron am Resistenzgrupp Gloria SMH, dee vum Paschtouer Robert Alesch, zu Uespelt (Lëtzebuerg) gebuer, verrode gouf. De Samuel Beckett koum mat senger Frëndin Suzanne Deschevaux-Dusmesnil, déi en 1961 bestuet huet, nach just dovun; de Péron awer gouf deportéiert an ass un de Suite vu senger Inhaftéierung am KZ vu Mauthausen ëmkomm.

Samuel Beckett
Gebuertsnumm Samuel Barclay Beckett
Pseudonym Andrew Belis
Gebuer 13. Abrëll 1906
Dublin
Gestuerwen 22. Dezember 1989
14. Arrondissement
Nationalitéit Irland, Frankräich
Educatioun Trinity College Dublin
Aktivitéit Schrëftsteller, Linguist, Filmregisseur, Dréibuchauteur, Cricketspiller, Dichter, Romancier, Dramatiker, Iwwersetzer, Enseignant, Intellektuellen, RIF- Resistenzler, Videoskënschtler
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat Suzanne Dechevaux-Dumesnil

Nom Krich huet de Samuel Beckett, dee bis dohin zwéi wichteg Romaner op Englesch geschriwwen hat – Murphy a Watt – mat sengem éischte Roman op Franséisch: Mercier et Camier d'Sprooch gewiesselt, a laang Jore seng Prosawierker fir d'éischt op Franséisch redigéiert an duerno selwer op Englesch iwwersat. A kuerzer Zäit huet e seng bedeitend Romantrilogie: Molloy, Malone meurt an L'Innommable, sou wéi zwee Theaterstécker: Eleutheria an En attendant Godot geschriwwen: Dëst Schlësselwierk huet hien op ee Schlag bekannt gemaach.

Eréischt mat Company (1980 erauskomm) kéiert de Beckett an der Prosa zu senger Mammesprooch zeréck. Dat war anescht am Theater, well Krapp's last Tape an Happy Days Produktioune op Englesch waren.

Dem Samuel Beckett säi Schreiwen ass ëmmer méi als eent vun deene bedeitendste vum 20. Joerhonnert unerkannt ginn; Honnerte vu Bicher goufen iwwer hie publizéiert, an 1969 krut hien den Nobelpräis fir Literatur. Deen ass en aus Mënscheschei net selwer siche gaangen. Hien huet bal ëmmer ganz zeréckgezunn gelieft, ausser wann e mat Frënn oder iresche Bekannten zesumme war. Vun 1966 un huet e géint schwéier Krankheete misse kämpfen a gouf e puermol operéiert.

Säi Liewe laang huet hie Sympathie fir déi gewisen, déi gelidden hunn, inhaftéiert oder verfollegt goufen: Fir Irland huet e verbueden, datt seng Theaterstécker opgefouert géifen, sou laang wéi den James Joyce an den Sean O'Casey do zenséiert goufen; d'selwecht fir Südafrika, bis den Apartheid-Regime eriwwer war. Dem Václav Havel huet e säi Stéck Catastrophe dediéiert.

Impuls a Grondthema vu sengem Schreiwen ass d'Bewosstsinn vun der Tragedie vun der Gebuert, vum Erausgestoussginn aus dem Mammeleif L'Expulsé an de Purgatorium vun enger (Ëm)welt, déi geneesou am Gaang ass, op en Desaster zouzesteieren, wéi de Mënsch selwer. Dee muss bewosst d'Katastroph vum Liewen, den Echec vun der Existenz op sech huelen. Nëmmen duerch d'Literatur, d'Konscht oder d'Musek kann den totalen Echec vum Liewen nach reusséieren, soudatt dat z'erdroen ass.

Well dat sou gespillt gëtt... da spille mer dat eebe sou... a soe mer näischt méi dozou... soe mer näischt méi. (Schluss vun Endspill)

De Beckett op Lëtzebuergesch

änneren

Tëscht de Joren 1999 an 2005 huet de Guy Wagner 14 Stécker vum Beckett op Lëtzebuergesch iwwerdroen. Si kruten d'Autorisatioun vum Samuel Beckett Estate, fir däerfen opgefouert ze ginn.

  • Waarden op de Godot
  • Endspill
  • Dat lescht Band
  • Glécklech Deeg
  • Spill
  • Kommen a goen
  • Net ech
  • Deemools
  • Trëtt
  • Monolog
  • Rockaby
  • Ohio Impromptu
  • Katastroph
  • Wat wou

Fir ze liesen

änneren
  • Am Abrëll 2006 si véier Beckett Stécker (Waarden op de Godot; Endspill; Katastroph; Wat wou), déi vum Guy Wagner iwwerdroe goufen, an engem Buch erauskomm: Wagner, G., & Beckett, Samuel. (2006). Theater. Esch/Uelzécht: éd. phi. ISBN 2-87962-210-7
  • Weider Stécker goufen 2011 an engem zweete Band verëffentlecht: Wagner, G., & Baden, Jeff. (2011). Theater II (Privateditioun. ed.). S.l.: G. Wagner. ISBN 978-99959-698-3-7
  • Wagner, Guy: Beckett trahi par un abbé d'origine luxembourgeoise - In: kulturissimo: mensuel culturel et socio-politique. - Luxembourg. - N° 47(12 avril 2006), Säiten 8-13, ill.
  • Wagner, G. (2015). Doppelleben : Robert Alesch, Geistlicher und Denunziant : Samuel Beckett, Schriftsteller und Résistant : Eine Dokumentation, ein "Anhang der Erinnerung" und 24 Bilder. Esch-sur-Alzette: Éd. Le Phare. ISBN 978-99959-37-16-4

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Samuel Beckett – Biller, Videoen oder Audiodateien