D'Durbaach ass eng kleng Baach an der belscher Provënz Lëtzebuerg.

Durbaach
Längt 7,1 km
Originn
Originn Quellen
Plaz Arel
Héicht 325 m
Konfluenz
Leeft an Äisch
Héicht 285 m
Geographie
Land Lëtzebuerg
Belsch
Regioun Guttland
Areler Land
Uertschaften Arel
Clairefontaine

Si huet hir Quell südlech vun Arel ongeféier 500 Meter vun der Spëtz ewech op enger Héicht vun 365 Meter (ING Belsch). Si leeft no Osten an no ronn 2 900 Meter kënnt se op Clairefontaine dat se op der ganzer Längt vum Duerf op hirer lénkser Säit huet. Kuerz duerno leeft se laanscht d'Klouschter vu Clairefontaine fir no engem Laf vu 4 200 Meter op enger Héicht vun 285 Meter op der belsch-lëtzebuergescher Grenz bei der Maark LB86 an d'Äisch ze lafen.

Als Niewewaasserlaf huet se just e klenge Gruef ouni Numm, deen um Hank vum Wollbierg seng Quell huet an 1 km viru Clairefontaine draleeft.

Op rezente belschen IGN-Kaarten (2010) ass se nach just ënner Ruisseau de Clairefontaine opgefouert.