Charlotte (Virnumm)

weibleche Virnumm
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Virnumm Charlotte. Fir aner Bedeitunge vum Numm, kuckt wgl. Charlotte.

Charlotte ass ee weibleche Virnumm, deen als Diminutiv vum franséische Virnumm Charles ofgeleet ass.

Charlotte
Geschlecht weibleche Virnumm
Namensdag 17. Juli
Ursprong
Sprooch Alhéichdäitsch karal
Genannt no Charlotte Thouret
Varianten
Alternativen Charlott, Charlette, Charlotta, Carlotta, Karlotta, Carlota→
Spëtznumm Lott(i), Lottchen, Lollo, Lolli
Anert Geschlecht Charlot

Ursprong a Bedeitung vum Numm änneren

Charlotte setzt sech aus dem Numm Charles (Karl, Karel, Charel...), dee vum Alhéichdäitsche Wuert karal hierkënnt an "deen Dichtegen", "de Fräien", "de Mann" heescht, an dem franséischen Diminutivaffix -otte zesummen.

Namensdag änneren

D'Charlotten hunn de 17. Juli hiren Namensdag als Referenz un d'Charlotte Thouret (Charlotte vun der Operstéiung); de 4. November ass dee vum Charles (Karl Borromäus) .

Varianten an Ofkierzungen änneren

Varianten am Lëtzebuergesche sinn: Lott(i), Lottchen, Lollo, Lolli[1].

An anere Sprooche gëtt et eng sëllege Varianten, sou wéi och an hiren Diminutiv- oder Affektivformen, sou z B.: Lotte, Lotta, Charlott, Charlot, Charlette, Charlotta, Carlotta ((it)), Karlotta, Carlota ((es)), Lotti, Charlie a Sarolta (ongresch).

Charlotte gëtt et och als Prefix oder Suffix an zesummegesate Virnimm, absënns Charlotte-Catherine oder Marie-Charlotte.

Leit mam Virnumm Charlotte änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Charlotte – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. (lb)Actioun Lëtzebuergesch - Eis Sprooch - Virnimm. www.actioun-letzebuergesch.lu. Gekuckt de(n) 06.10.2023.