Charlotte (Dessert)

Äppeldessert

Eng Charlotte ass e Biscuitskuch, dee mat verschiddene Loe Crème a Friichte gefëllt ass.

Charlotte mat Äerdbier

Hiren Urspronk huet se an England als mouléiert waarm Friichte-Charlotte. Hautdesdaags méi verbreet ass déi an Éisträich als "Malakofftorte" an international als "Charlotte russe" bekannt kal Charlotte.

Waarm Charlotte änneren

Déi gebake Charlotte gëllt an hirem Urspronksland England als Variant vun engem Pudding. Am bekanntsten ass d'Apel-Charlotte. Heifir gëtt eng Form mat agefettete Schmieren (hautdesdaags dacks och Biscuit) ausgeluecht, dorop komme gekachten Äppel an driwwer weider Schmieren oder Panéiermiel. Nom Bake gëtt d'Charlotte gestierzt a waarm zerwéiert.

Den Urspronk vum Numm ass onkloer. Verschiddenen Historiker no gouf den Dessert benannt zu Éiere vum Sophie Charlotte vu Mecklenburg-Strelitz, der Fra vum englesche Kinnek George III.. De Begrëff Charlotte fir dëse Kascht daucht an englesche Kachbicher fir d'éischt Enn vum 18. Joerhonnert op, a franséischen e puer Joer méi spéit.

Kal Charlotte änneren

Déi kal Charlotte baséiert op hirer waarmer Virleeferin a gouf warscheinlech vum franséische Kichechef Marie-Antoine Carême Ufank vum 19. Joerhonnert zu London kreéiert. Hien huet säin Dessert Charlotte à la parisienne genannt, bekannt gouf en awer méi spéit als Charlotte russe, well de Carême deemools am Déngscht vum russeschen Zar Alexander I. stoung.

Klassesch gëtt eng Form mat Biscuitsdeeg oder Läffelbiscuiten ausgeluecht a mat geschloener séisser Rahm a bayerescher Crème gefëllt, eventuell a verschiddene Loen a mat Friichten. Duerno gëtt d'Charlotte am Frigo gekillt bis se fest ass. Virum zerwéiere gëtt se da gestierzt.

 
Platt Scharlotka mat Biscuitsbuedem, bayerescher Crème an Äppel

Et gëtt mëttlerweil eng Abberzuel Rezeptvariante vun der kaler Charlotte, z. B. mat Friichtepüree, Gelee, Glace oder Alkohol.

Eng vun deene Varianten ass d'Charlotte Malakoff mat Schockelasglasur. An Éisträich ass awer schonn déi ganz gewéinlech Charlotte als Malakoff-Kuch bekannt, dëst zu Éiere vum franséischen Offizéier Aimable Pélissier, deen nom erfollegräiche Stuerm op déi russesch Festung Malakoff zum Marschall ernannt gouf an de Bäinumm Herzog vu Malakoff krut.

Rezeptvariant mat Schlagsan, Wisekréischelen a Rum änneren

  • 50 Stéck Läffelbiscuit
  • 8 Eeër
  • 100g Miel
  • 225g Pudderzocker
  • 50g rengen Zocker
  • 75g Stäerkt
  • 2TL Bakpolfer
  • 1 Glas Wisekréischelsgebeess
  • 500ml Schlagsan
  • 2 Päckelcher Sahnesteif
  • 250g Botter
  • 200g reng gemuele Mandelen
  • 100g Mandelbliedercher
  • 250ml Orangejus
  • 250ml Wäisswäin
  • 70-100ml wäisse Rum

Wéinst de laangen Ofkillzäiten 3,5 Stonnen arechnen ier zerwéiert ka ginn. Et kann een de Kuch den Dag virdru scho baken an dann am Frigo halen. Wann néideg kann een och en Deel dovun afréieren.

De Bakuewe mat Uewer- an Ënnerhëtzt fir 10 Minutte bei 200 Grad virheizen.

Fir de Biskuitbuedem 4 Eeër an 125g Pudderzocker e puer Minutte mam Mixer op der héchster Stuf schloe bis alles gutt fest ass. Dann de Mixer zeréck op déi niddregst Stuf stellen an 100g Miel no an no derbäiginn, duerno dann nach 75g Speisestärke an 2 Téiläffele Bakpolfer. Eng ronn Kucheform afetten, den Deeg draginn a mat Uewer- an Ënnerhëtzt an de Bakuewe setzen, am Ufank fir 5 Minutte bei 200 Grad, dann 20-25 Minutte bei 180 Grad. De Buedem ass fäerdeg, wann e liicht gëlle-brong ass. Eraushuelen an eng 2 Stonnen ofkille loossen.

An där Zäit kann ee scho mat der Mandelcrème ufänken, well do muss och alles dertëscht ofkillen.

An zwou separate Panen déi 200g reng gemuele Mandelen an déi 100g Mandelbliedercher uréischteren, ouni Fett derbäizeginn. Da komplett kal gi loossen.

En Dëppen huelen an dodran 250ml Orangejus, 250ml Wäisswäin an 1 Iessläffel rengen Zocker verréieren, bei 9 opkache loossen, an dann ofkille loossen.

An eng Schossel 250g Botter, 100g Pudderzocker a 4 Duedere ginn a gutt vermëschen. Dann no an no 70-100ml Rum an déi mëttlerweil ofgekillten 200g reng gemuele Mandelen an d'Crème ënnerréieren.

Paus bis datt de Buedemkuch kal ass. Dann en horizontal an dräi gläich grouss Biedem seeën.

E gutt Drëttel vun der Mandelcrème op deem éischte Buedem versträichen.

Mat de Läffelbiscuiten op engem nach onbestrachene Buedem teste wéi ee se enk uneneen arrangéieren a jee nodeem zurechtschneide muss fir 2 Loen ze kréien. Dann d'Biscuite fir déi éischt Lo huelen, an een nom anere ganz kuerz an d'Dëppe mam Orangejus-Wäisswäin Mix zappen (wierklech just eng hallef Sekonn, well soss gëtt et spéitstens beim Nozéie Bräi), an déi dann op déi éischt Lo Mandelcrème leeën. D'Hallschent vum Airellëgebeess huelen an iwwer d'Biscuite sträichen.

Déi zweet Lo "Buedem – Mandelcrème – Biscuiten - Airellëgebeess" driwwermaachen, mä d'Biscuiten iwwer d'Kräiz par Rapport zu deenen drënner leeën, a beim Airellëgebeess 2 gutt Iessläffel hale fir méi spéit.

Dann den drëtte Buedem dropleeën a mam leschten Drëttel Mandelcrème besträichen.

Als Ofschloss ronderëm gëtt eng Schlagsanscrème gemaach. An d'Deegschossel 500ml Schlagsan, 2 Päckelcher Sahnesteif an 3 Téiläffele rengen Zocker ginn a gutt mixen. Da fir e bësse Faarf an d'Spill ze bréngen déi 2 Iessläffelen Airellëgebeess déi op d'Säit gesat goufen drënnerginn. Mat där Crème de Kuch ronderëm an duerno uewendriwwer besträichen.

Wann d'Mandelbliedercher ganz kal sinn, da besteet kee Risiko méi datt d'Schlagsan schmëlzt, an et kann een d'Schlagsanscrème domat dekoréieren: ganz Mandelbliedercher un d'Säite pechen, an de Rescht Mandelbliedercher e bëssen zergrimmelen an uewen iwwer de Kuch streeën.

Literatur änneren

  • Alan Davidson: The Oxford Companion to Food, 2nd. ed. Oxford 2006, Artikel Charlotte, S. 159
  • Herings Lexikon der Küche, 23. Aufl. 2001, Artikel Charlotte