Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Gromper, déi "Charlotte" genannt gëtt. Fir aner Bedeitunge vun deem Numm, kuckt wgl. Charlotte.

Charlotte ass eng zanter 1981 a Frankräich zougeloosse fréi Gromper.

Et ass eng Gromper déi beim Kache fest bleift, gebrode sollt se éischter net ginn.

Et ass eng hallef-fréi Gromper déi ee gutt lagere kann, soudatt se vum Mount Juni un d'ganzt Joer iwwer ze kréien ass. Si huet eng laangoval Form, flaach Aen, eng giel Schuel an e rengt fest gielt Fleesch.

D'Charlotte ass entstanen als Kräizung vun Hansa an Danaé. Gemenkerhand bréngt se eng sëllege Knollen. A Frankräich ass et ënner de Grompere mat festem Fleesch déi Zort déi am meeschten ugebaut gëtt.

Um Spaweck änneren