Charlotte Moore Sitterly

amerikanesch Astronomin

D'Charlotte Emma Moore Sitterly, gebuer de 24. September 1898 zu Ercildoun, Pennsylvania a gestuerwen den 3. Mäerz 1990, war eng US-amerikanesch Astronomin.

Charlotte Moore Sitterly
Gebuer 24. September 1898
Ercildoun
Gestuerwen 3. Mäerz 1990
Washington
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit USA
Educatioun University of California
Aktivitéit Astronom, Physiker, Astrophysiker
Member vun American Astronomical Society, American Association for the Advancement of Science, National Academy of Sciences

D'Charlotte Moore krut 1920 hiren Ofschloss a Mathematik um Swarthmore College a gouf dunn Assistentin vum Henry Norris Russell op der Universitéit vu Princeton, New Jersey. Enn vun den 20er Jore wiesselt si op de Mount Wilson-Observatoire a war do Mataarbechterin vum Harold D. Babcock. Do huet si Aarbechten zum Theema Sonnespektrum gemaach. Op där Basis konnt si dann och 1931 erfollegräich hir Dokteraarbecht op deem Gebitt op der Universitéit vu Kalifornien zu Berkeley ofschléissen. Duerno huet si de Physik-Professer Bancroft W. Sitterly bestuet.

Zanter 1945 huet si weider fir den National Bureau of Standards (NBS), a fir den Naval Research Laboratory um Gebitt vun der Sonnefuerschung geschafft. D'Tabelle vun atomaren Energieniveauen a spektroskopeschen Donnéeën, déi si um NBS zesummestallt hat, ware vu grousser Bedeitung fir d'Spektroskopie an der Astronomie an op anere Gebidder.

Am Joer 1937 huet si den Annie-Jump-Cannon-Präis fir Astronomie kritt a fir hir Liewensleeschtunge krut si 1990 d'Bruce Medal.

Hir zu Éiere krut den Asteroid 2110 hiren Numm Moore-Sitterly.

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie