D'Charlotte Brontë, gebuer den 21. Abrëll 1816 zu Thornton, am Yorkshire a gestuerwen den 31. Mäerz 1855 zu Haworth, am Yorkshire, war eng brittesch Schrëftstellerin.

Charlotte Brontë
Pseudonym Currer Bell, Lord Charles Wellesley, Captain Tree
Gebuer 21. Abrëll 1816
Gestuerwen 31. Mäerz 1855
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Dichter, Romancier, Schrëftsteller, Enseignant
Famill
Geschwëster Emily Brontë

Si war déi Eelst vum Brontë-Gesëschters, déi et an den Erwuessenenalter gepackt hunn, nieft der Anne der Emily an dem Patrick Branwell, déi och Schrëftsteller waren, an déi alle véier zu de Klassiker vun der engleschsproocheger Literatur gehéieren.

D'Charlotte Brontë huet hir Wierker, dorënner och hire bekanntste Roman, Jane Eyre, ufanks ënner dem Pseudonym Currer Bell geschriwwen.

Si huet 1835 als Léierin geschafft, a war vun 1839 bis 1841 Gouvernante. 1842 ass si mam Emily op Bréissel gaangen, fir do wärend zwee Joer am Pensionnat de Demoiselles hiert Franséisch ze verbesseren.

1844 goung si hannescht op Haworth, wou se mat hire Schwësteren ënner de (männleche) Pseudonymmen Ellis (Emily), Acton (Anne) a Currer (Charlotte) Bell e Gedichtband erausginn huet, deen awer kaum Keefer fonnt huet. Och hiren éischte Roman The Professor huet, sou laang se gelieft huet, keen Editeur fonnt. Hire literareschen Duerchbroch hat se 1847 mam Roman Jane Eyre.

1854 huet d'Charlotte Brontë den Arthur Bell Nicholls (1819–1906) bestuet. Mä schonn dat Joer drop ass si - entweeder un Tuberkulos oder enger schwangerschaftsbedéngter Stoffwiesselstéierung) - gestuerwen.

Zwee Joer no hirem Doud koum hir éischt Biographie, The Life of Charlotte Brontë, vun hirer Frëndin Elizabeth Gaskell, eraus. D'Charlotte Brontë war eng vun den éischte Fraen, déi duerch eng Monographie iwwer hiert Liewe posthum geéiert goufen.

Wierker änneren

  • Poems by Currer, Ellis, and Acton Bell]], Aylott&Jones, London, 1846. (zesumme mat hire Schwësteren)
  • Jane Eyre [eəʳ]. An Autobiography, Smith&Elder, London, 1847.
  • Shirley, Smith&Elder, London, 1849.
  • Villette, Smith&Elder, London, 1853.
  • The Professor, Smith&Elder, London, 1857 (posthum).

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Charlotte Brontë – Biller, Videoen oder Audiodateien