Centro Democrático e Social - Partido Popular
D'CDS-PP (Centro Democrático e Social – Partido Popular, op Lëtzebuergesch "Demokrateschen a Sozialen Zentrum – Vollekspartei) ass eng rietskonservativ Partei a Portugal.
Centro Democrático e Social – Partido Popular | |
---|---|
Ofkierzung | CDS-PP |
President | Nuno Melo |
Gegrënnt | Juli 1974 |
Parteizentral |
Lgo Adelino Amaro da Costa, 5 1149-063 Lisboa |
Jugendorganisatioun | Juventude Popular (JD)[1] |
Ideologie |
Chrëschtlech Demokratie Nationalkonservatismus Wirtschaftsliberalismus |
Politesch Positioun | Riets |
National Affiliatioun |
AD (1979–1983) PàF (2015) AD (2024) |
Europäesch Affiliatioun | EVP |
Europäesch Parlamentsgrupp | EVP |
Faarf | Blo |
Parlament |
2/230 Sëtz |
EU-Parlament |
1/21 Sëtz |
Websäit | https://cds.pt/ |
No der Oeillets-Revolutioun ass d'Vollekspartei 1975 fir d'éischt an der Assemblée constituante (Assembleia Constituinte) gewielt ginn a war duerno ouni Ënnerbriechung vun 1976 bis 2022 am portugisesche Parlament vertrueden. Si huet e puermol, mat verschiddene Koalitiounspartner, d'portugisesch Regierung gestallt. De President vun der Partei ass zënter 2022 den Nuno Melo.[2]
D'CDS-PP gëtt vun engem Deputéierten am Europaparlament vertrueden. Um europäeschen Niveau war d'CDS-PP laang Zäit Member vun den Europäesche Demokraten, enger EU-skeptescher Allianz vu konservative Parteien, déi eng Fraktiounsgrupp mat der Europäescher Vollekspartei (EPP) am Europaparlament gegrënnt huet. D'CDS-PP huet sech awer duerno bei der EPP ugeschloss. Op internationalem Niveau ass d'Partei Member vun der International Democratic Union (IDU).
Obwuel d'CDS-PP ursprénglech als Zentrumspartei gegrënnt gi war, wat och am Parteinumm reflektéiert gëtt, representéiert se haut konservativ bis rietskonservativ Positiounen. D'CDS-PP fuerdert eng restriktiv Immigratiounspolitik a steet der kathoulescher Kierch no.
Parteipresidenten
änneren- 1974–1982: Diogo Freitas do Amaral
- 1982-1985: Francisco Lucas Pires
- 1985–1986: Adriano Moreira
- 1986–1992: Diogo Freitas do Amaral
- 1992-1997: Manuel Monteiro
- 1997-2005: Paulo Portas
- 2005–2007: José Ribeiro e Castro
- 2007-2016: Paulo Portas
- 2016–2020: Assunção Cristas
- 2020-2022: Francisco Rodrigues dos Santos
- zënter 2022: Nuno Melo
Walresultater zënter 1976
ännerenJoer | Zuel vun de Stëmmen | Stëmmen a % | Sëtz | Parteipresident |
---|---|---|---|---|
1976 | 876.077 | 16,0 % | 42 | Freitas do Amaral |
1979 | − | − | 43 | Freitas do Amaral |
1980 | − | − | 46 | Freitas do Amaral |
1983 | 716.705 | 12,6 % | 30 | Freitas do Amaral |
1985 | 577.580 | 10,0 % | 22 | Lucas Pires |
1987 | 251.987 | 4,4 % | 4 | Lucas Pires |
1991 | 254.317 | 4,4 % | 5 | Manuel Monteiro |
1995 | 534.470 | 9,1 % | 15 | Manuel Monteiro |
1999 | 451.643 | 8,3 % | 15 | Paulo Portas |
2002 | 477.350 | 8,7 % | 14 | Paulo Portas |
2005 | 416.415 | 7,2 % | 12 | Paulo Portas |
2009 | 592.778 | 10,4 % | 21 | Paulo Portas |
2011 | 653.888 | 11,7 % | 24 | Paulo Portas |
2015 | Walallianz PàF (Portugal à Frente)
Koalitioun: PPD/PSD.CDS-PP |
18 | Paulo Portas | |
2019 | 221.774 | 4,2 % | 5 | Assunção Cristas |
2022 | 90.539 | 1,6 % | 0 | Francisco Rodrigues dos Santos |
2024 | Walallianz AD (Aliança Democrática)
Koalitioun: PPD/PSD.CDS-PP.PPM |
2 | Nuno Melo |
Keng Deputéiert méi am Parlament
ännerenDéi fréi Parlamentswale vum Januar 2022 waren eng Katastroph fir d'CDS-PP. Mat nëmmen 1,6% vun de Stëmme sinn all d'Sëtz verluer. Nom schlëmmste Walresultat an der Parteigeschicht huet de Francisco Rodrigues dos Santos als President vun der CDS-PP demissionéiert. D'Evenement huet eng intern Kris ausgeléist. A verschiddene Foren an a baussent der Partei goufen a ginn och Froen iwwer d'Existenzrecht vun der CDS-PP diskutéiert.
Op der Parteikonferenz, déi den 2. an 3. Abrëll 2022 zu Guimarães ofgehale gouf, gouf den Nuno Melo, den eenzegen Europadeputéierte vun der Partei, mat bal 75% vun den Delegéierte Stëmmen als neie President vun der CDS-PP gewielt.[4]
Um Spaweck
ännerenCommons: Centro Democrático e Social - Partido Popular – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ https://juventudepopular.pt/
- ↑ historia. www.cds.pt. Gekuckt de(n) 25.01.2024.
- ↑ Resultados Eleitorais. web.archive.org (16.07.2012) Archivéiert de(n) 16.07.2012. Gekuckt de(n) 25.01.2024.
- ↑ (pt)Nuno Melo confirmado presidente do CDS-PP com 75% dos votos. Jornal de Notícias. Gekuckt de(n) 25.01.2024.