Paul Breisch

lëtzebuergeschen Organist an Uergelprofesser

De Paul Breisch, gebuer de 26. Januar 1974 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergeschen Organist an Uergelprofesser.[1]

Paul Breisch
Gebuer 26. Januar 1974
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Organist
Famill
Geschwëster Martine Anne Breisch

Zanter 2006 ass hien Titularorganist an der Kathedral an der Stad Lëtzebuerg, wou hien Nofollger vum verstuerwene Carlo Hommel gouf. Donieft enseignéiert hie säit 2003 Uergel a Gregorianik am Conservatoire vun Esch-Uelzecht. Hien ass Vizepresident vun den Amis de l'orgue - Luxembourg.

De Paul Breisch huet beim Carlo Hommel ugefaangen Uergel ze léieren an huet sech duerno am Conservatoire national supérieur de musique zu Paräis ageschriwwen an ënner anerem beim Olivier Latry a beim Thierry Escaich studéiert a 7 éischt Präisser gemaach. Bis zu senger Nominatioun als Doumorganist war hien ee vun den Organiste vun der berüümter Stahlhuth-Jann-Uergel zu Diddeleng.

De Paul Breisch ass de Brudder vun der Martine Anne Breisch.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Paul Breisch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. portrait vum Paul Breisch op der Websäit vun der 'Maîtrise Sainte-Cécile de la Cathédrale Notre-Dame de Luxembourg' Archivéiert op 2006-01-29. Gekuckt de(n) 2012-05-13.