De Canis Minor (Klengen Hond) ass e Stärebild südlech vum Himmelsequator.

Date vum Stärebild Canis Minor
Lëtzebuergeschen Numm Klengen Hond
Laténgeschen Numm Canis Minor
Laténgesche Geenitiv Canis Minoris
Laténgesch Ofkierzung CMi
Positioun um Himmelsequator
Rektaszensioun 7h 6m bis 8h 11m
Deklinatioun +13° 15´ bis -0° 20´
Fläch 183 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 89° Nord bis 77° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Wanter
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
α Canis Minoris (Procyon),
0,4m
Meteorstréim
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Gemini

Monoceros
Hydra
Cancer

Kaart vum Stärebild Canis Minor

Beschreiwung änneren

De Klengen Hond ass e klengt Stärebild südlech vum markante Gemini. Den Haaptstär Procyon ass en opfälleg helle Stär, dee wäiss liicht. Ëstlech vum Stärebild ass d'Band vun der Mëllechstrooss. De Canis Minor kann am Wanter gesi ginn, a ka mat Ausnam vum Zentrum vun der Antarktis op der ganzer Welt gesi ginn.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 10 Procyon, Antecanis, Al Shira, Elgomeisa 0,40m 11,4 F5 IV
β 3 Gomeisa, Algomeyla 2,89m 150 B8 V
γ 4 4,33m 200 K3 III
G 4,39m
6 4,55m
ε 2 4,99m
ζ 13 5,12m
η 5 5,22m
δ1 7 5,24m
11 5,25m
14 5,30m
1 5,37m
δ2 8 5,59m
δ3 9 5,24m

Den drëtthellste Stär am Klengen Hond, den γ Canis Minoris, ass ronn 200 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech,. Et ass e roude Risestär mat der Spektralklass K3. Seng visuell Magnitude ass 4,33m

Duebelstären änneren

System Gréisst Ofstand
α 0,40m/10,8m 2,2 bis 5,0"
β
14 5,4m/7m8m 76/112"

De Procyon (α Canis Minoris) ass mat enger visueller Hellegkeet vun 0,40m den aachthellste Stär um Nuetshimmel. Mat enger Distanz vun 11,4 Liichtjoer ass hie nee vun den nooste Stären. Et handelt sech ëm en Duebelstäresystem. Den Haaptstär schéckt e wäisslecht Liicht aus a gehéiert zu der Spektralklass F5. Hien ass sechsmol méi hell wéi eis Sonn, huet en duebel sou groussen Duerchmiesser, awer nëmme ronn 10 Prozent méi Mass. De Begleeder ass e liichtschwaache Wäissen Zwergstär, deen ongeféier duebel sou grouss ass wéi eisÄerd.

Den zweethellste Stär am klengen Hond, β Canis Minoris, ass mat 150 Liichtjoer Distanz villméi wäit ewech. Et ass e bloe, risegem Duebelstär mat der Spektralklass B8.

Den Numm „Gomeisa“ ass arabesch a bedeit sou vill wéi "d'Fra mat dem verschleierte Bléck".

De 14 Canis Minoris ass e Méifachstäresystem, bei deem sech dräi Stären ëm ee kollektive Schwéierpunkt beweegen.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Am Klengen Hond si keng niwweleg Objeten, déi mat klengen Teleskopen ze gesi sinn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Canis Minor – Biller, Videoen oder Audiodateien