Den C/2012 S1 (ISON) ass e Koméit, dee warscheinlech aus der Oort-Wollek staamt an den 28. November 2013 ganz no bei d'Sonn koum. E gehéiert zu der Grupp vun de sougenannte Sonnesträifer, ass allerdéngs kee Fragment vun der Kreutz-Grupp.

C/2012 S1 (ISON)
ISON den 8. Oktober 2013, Foto opgeholl am Mount Lemmon Observatoire.
Orbittyp hyperbolesch
Grouss Hallefachs  
Perihel 0,012 AE
Aphel ? AE
Numeresch Exzentrizitéit 1
Bunnschréi 61,8 Grad
Perihelduerchgank 28. November 2013
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Duerchmiesser ?
Entdecker: Witali Newski, Artjom Nowitschonok, International Scientific Optical Network (ISON)
Entdeckungsdatum 21. September 2012
Bunn an erwaart Positioun fir den 13. Dezember 2013

Entdeckung änneren

De Koméit gouf den 21. September 2012 vum Amateurastronom Witali Newski (Виталий Невский) aus Wäissrussland a vum Artjom Nowitschonok (Артём Новичонок) aus Russland op CCD-Fotoen entdeckt, déi si mam 40-Zentimeter-Teleskop vum International Scientific Optical Network (ISON) als schwaachen Niwwelfleck am Stärebild Cancer fonnt haten.[1] De Koméit gouf no dëser Organisatioun genannt.

Bunnverlaf änneren

 
ISON den 8. Mee 2013, Foto, opgeholl vum Weltraumteleskop Hubble.

Den 1. Oktober 2013 koum hie bis op eng Distanz vun 10,9 Millioune km un de Planéit Mars erun. Am weidere Verlaf koum en den 28. November 2013 ganz no bei eis Sonn.

Am Perihel hat den ISON eng Bunnevitesse vu ronn 360 km/s[2] a säin Ofstand zur Sonn war nëmme ronn 0,012 AE (1,8 Millioune Kilometer), wat ongeféier engem Sonnenduerchmiesser entsprécht. D'Temperatur op der Uewerfläch vum Koméitekär war dobäi méiglecherweis iwwer 2500 °C.[3] No engem staarken Hellegkeetsverloscht goung een dovun aus, datt de Koméit bei sengem Rendez-vous mat der Sonn, wéinst der héijer Temperatur an de staarke Gezäitekräften (Roche-Grenz), zerbrach ass.[4] Och wann d'Fotoe vun der SOHO-Raumsond sou interpretéiert goufen, datt op d'mannst en Deel vum Koméit de Perihel iwwerstanen hätt,[5] hat sech vum 2. Dezember 2013 un d'Iwwerzeegung verdicht, datt de fréiere Koméit sech elo als Stëbswollek duerch d'Sonnesystem beweegt.[6] Lescht Fotoe vum Hubble-Weltraumteleskop vum 18. Dezember 2013 weise keng Iwwerreschter vum Koméit. D'Koordinate vun der ugehollener Bleif goufen aus de leschte Positioune berechent, op deenen den ISON nach ze gesi war. D'Biller hu keng Spuer vum ISON gewisen, an et geet een dovun aus, datt nëmmen nach Gas, Stëbs a ganz kleng Deeler iwwereg sinn.[7]

Déi noost Distanz zu eiser Äerd war fir den ISON – oder seng Iwwerreschter – an der Nuecht vum 26. op de 27. Dezember 2013, hie war do ronn 60 Millioune km ewech.

Siichtbarkeet änneren

 
De Wee vum ISON iwwer den Nuetshimmel
 
De Witali Newski, ee vun de béiden Entdecker vum Koméit am Joer (2010)

De Max-Planck-Institut fir Sonnesystemfuerschung hat den 18. November 2013 matgedeelt, datt de Koméit mat bloussem A ze gesi wier.[8] Ufanks gouf ugeholl, datt hie bei der Sonn kuerzzäiteg souguer Vollmoundhellegkeet (−12,7 mag) kréie kéint.[9] Tatsächlech blouf d'Hellegkeet am Perihelduerchgank wäit drënner.[10]

Fuerschungsresultater änneren

Am Februar 2013 gouf mat der Observatioun vum Koméit ISON am Kader vun der Folgemissioun EPOXI vun der Raumsond Deep Impact ugefaangen. Dobäi koumen och d'Sonde Mars Reconnaissance Orbiter a Lunar Reconnaissance Orbiter zum Asaz.[11]

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: C/2012 S1 (ISON) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.sterne-und-weltraum.de/alias/schweifsterne/raumsonde-deep-impact-beobachtet-komet-ison/1183459
  2. marspages.eu Off Topic: Neies vum Koméit ISON
  3. spaceweather.com vum 23. November 2013
  4. wetteronline: Koméit ISON zerbrach. Nëmmen e puer Reschter weider intakt
  5. (en) Comet ISON May Have Survived nasa.gov - online am Internet: 29. November 2013
  6. Florian Freistetter: Nach dem Perihel: Kollidiert ISON nun mit der Erde?, Science Blogs, 2. Dezember 2013.
  7. hubblesite.org vum Zolt Levay, 20. Dezember 2013
  8. Koméit „Ison“: Schwäifstär mat bloussem A ze gesinn, Focus online vum 18. November 2013
  9. www.planetarium-hamburg.de: Zerfällt ISON?, ofgeruff den 3. Dezember 2013
  10. www.icq.eps.harvard.edu: Recent Comet Brightness Estimates, ofgeruff den 3. Dezember 2013
  11. http://www.universetoday.com/99777/deep-impact-images-spectacular-incoming-comet-ison-curiosity-nasa-armada-will-try/#more-99777