Burfelt, och alt Buergfrid, ass en Haff an der Gemeng Esch-Sauer.

Burfelt
Burfelt 3.jpg
Vue op Burfelt aus der Loft (1991).
An anere Sproochen fr: Bourgfried
de: Burgfrid
Land Lëtzebuerg
Kanton Wolz
Gemeng Coat of arms esch sauer luxbrg.png Esch-Sauer
Buergermeeschter Marco Schank
Koordinaten 49° 54’ 00’’ N
05° 51’ 26’’ O

GeschichtÄnneren

Den Numm "Bourgfried" gouf eng éischt Kéier 1252 ernimmt. Den Numm soll entweder schonn op d'Mëttelalter zréckgoen, wou d'Meeschtere vun Esch-Sauer hire "Buergfridden" reegelméisseg erneiert hunn, oder op d'Joer 1695, wou d'Schlass- a Buerghären aus der Ëmgéigend e Verdeedegungs- an Hëllefsbond géint friem Truppen, déi doruechter marodéiert hunn, ofgeschloss sollen hunn.

Den Haff ass aus dem 18. Joerhonnert. Wéi de Stauséi gebaut gouf, huet de Bauerebetrib opgehalen, well e groussen Deel vun de Lännereien iwwerschwemmt gouf. 1974 huet de Lëtzebuerger Staat den Haff opkaf an doran e Verwaltungszentrum vun der Administration des Eaux et Forêts installéiert. 1978 koum eng 6 ha grouss Bamschoul bäi, an 1993 gouf e Bëschentdeckungszentrum ageriicht.

Buergfrid-AffärÄnneren

1969 war dës ofgeleeë Plaz (deemools "Buurgfried" oder "Bourgfried" geschriwwen) Mëttel- an Ausgangspunkt vun der sougenannter Buergfrid-Affär, déi jorelaang héich Welle geschloen huet, an déi der Ministesch Madeleine Frieden-Kinnen hiert Amt kascht huet.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buergfrid-Affär

KuckeswäertesÄnneren

Fir nozeliesenÄnneren

  • Burfelt. Das Waldentdeckungszentrum. Hg.: Forstamt Wiltz, 2000.(Dépliant).

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Burfelt – Biller, Videoen oder Audiodateien