Bembecia (Zäitschrëft)

Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Zäitschrëft Bembecia. Fir d'Päiperlekegattung, kuckt wgl. Bembecia.

Bembecia ass den Numm vun enger wëssenschaftlecher Publikatiounsserie déi vun der lëtzebuergescher Naturverwaltung erausgi gëtt.

Titelsäit vum éischte Band vun der Bembecia.

Den éischte Band ass 2007 erauskomm. Als Éditeur gëtt den Arrondissement Sud vum Departement Conservation de la nature vun der Administration des eaux et forêts genannt (Band 1, S. 5).

Bembecia ass den Numm vun enger Gattung vu Päiperleksaarten (Lepidoptera) aus der Famill vun de Sesiidae, déi de Kierper vun Harespelen imitéieren.

Am éischte Band vun der Serie ass keen Editorial, deen d'Zilsetzung vun der Zäitschrëft beschreift. Aus dem Kontext ergëtt sech, datt d'Bänn onreegelméisseg wäerten erauskommen, an datt an dëser Serie wëssenschaftlech Aarbechten iwwer d'Fauna (an d'Flora?) vu lëtzebuergeschen Naturschutzgebidder, nëmmen aus dem Süde vum Land, wäerte publizéiert ginn.

2014 ass en zweete Band erauskomm, an deem d'Erfolleger vun den Naturschutzaarbechten an de leschte Joren am Minette beschriwwe ginn. Méi am Detail gëtt d'Presenz vun der Heckequisel Mantis religiosa behandelt.

2020 ass den drëtte Band erauskomm, an deem d'Fleeg an d'Gestaltung vun de Minettslandschafte presentéiert ginn.

Literatur änneren

  • Cungs, J., A. Jakubzik & K. Cölln, 2007. Biotop- und Artenschutz im Erzbecken Luxemburgs. Bienen und Wespen (Hymenoptera Aculeata) im Naturschutzgebiet „Haardt“ bei Düdelingen. Bestandserfassung und Pflegekonzept. Bembecia 1, 248 S., Lëtzebuerg. Dréckerei Graphic Press, Houwald. ISBN 978-2-9599763-0-8.
  • Cungs, J. (mat der Mataarbecht vun A. Jakubzik & K. Cölln), 2014. Pflegeerfolge im Luxemburger Erzbecken unter besonderer Berücksichtigung der Gottesanbeterin Mantis religiosa. Bembecia 2, 90 S. [1]
  • Cungs, J., 2020. Pflege- und Gestaltungsmaßnahmen in den Erzabbaufolgelandschaften Luxemburgs. Bembecia 3, Biotop- und Artenschutz im Erzbecken Luxemburgs, 507 S.

Kuckt och änneren