Bath
![]() |
Dëse Geographiesartikel iwwer d'Vereenegt Kinnekräich ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bath ass eng Stad am Südweste vun England, an der Grofschaft Bath an Nordost Somerset. Bath ass virun allem bekannt fir seng waarm Bieder (dohier den Numm vun der Stad) a seng Georgianesch Architektur, an zielt zu deene schéinste Stied a Groussbritannien.


Geographie
ännerenBath läit an engem Dallkessel, ëmgi vun den Hiwwele vum Somerset, um Floss Avon. Et ass och déi eenzeg Plaz a Groussbritannien, wou et Waarmwaasserquelle gëtt.
Bath huet 84.000 Awunner (2001).
Geschicht
ännerenSchonn zu Réimerzäite war d'Stad ënner dem Numm Aquae Sulis bekannt an eng vun deene gréisste Réimesche Siedlungen a Groussbritannien. Déi réimesch Bieder sinn nach haut, deelweis renovéiert, ze gesinn.
Kuckeswäertes
ännerenDéi ganz Stad ass iwwerséit mat wäisse Gebaier aus der Georgianescher Period.
Um Spaweck
ännerenCommons: Bath – Biller, Videoen oder Audiodateien |