Dësen Transportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Great Western Railway (GWR) war eng Eisebunnsgesellschaft a -linn an England, déi 1833 gegrënnt gouf. Si war ënner dem Impuls vun der Stad Bristol entstanen, déi en Uschloss u London gesicht huet, fir d'Positioun vun hirem Hafe géint d'Konkurrenz vu Liverpool ze stäerken.

Emblem vun der GWR
Iron Duke Lokomotive vun der GWR

De Chefingenieur fir d'Eisebunnslinn ze baue war den Isembard Kingdom Brunel, deen am Alter vun nëmme 27 Joer dat fir déi Zäit technescht Monsterwierk realiséiert hat. Den Entworf a Bau vun de Lokomotive war vum Daniel Gooch.

Den éischten Deel vun der Linn ass 1838 tëscht London-Paddington an Teplow opgaangen. Déi voll Distanz vu London op Bristol (bal 200 km) war vun 1841 u befuerbar. An de follgende Jore si vill Säitelinnen opgaangen.

Am Ufank hat d'Linn eng Spuerbreet vun 2140 mm. Bis 1892 gouf se dann op d'Normalspuer von 1435 mm ëmgebaut.

Nom Railways Act vun 1921 huet se zu de sougenannte Big Four gehéiert, bis se 1948 grad wéi déi aner verstaatlecht gouf.

Um Spaweck änneren

Commons: Isambard Kingdom Brunel – Biller, Videoen oder Audiodateien