Football League One
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Football League One (och Coca-Cola Football League 1 genannt) ass déi drëtthechst Spillklass am englesche Foussball Liga System. Et spille 24 Veräiner mat an et gëtt mat Hin- a Réckronn gespillt, soudatt bis zum Enn vun der Saison all Ekipp 46 Matcher gespillt huet. Wann d'Saison eriwwer ass, steigen déi 2 beschtplazéiert Veräiner an de Football League Championship op, an en 3. Opsteiger gëtt an enger Play-off Ronn tëscht deene 4 Veräiner déi op den 3. bis 6. Plaze stinn ermëttelt. Gläichzäiteg musse 4 Veräiner an d'Football League Two ofsteigen, an et kommen der och 3 respektiv 4 aus deene jeeweilegen Divisioune bäi.
An der Saison 2009/10 spillen déi follgend Veräiner an der League One:
|
|
Net méi derbäi aus der Saison 2008/09 sinn d'Veräiner
- Leicester City FC (opgestigen an de Football League Championship)
- Peterborough United FC (opgestigen an de Football League Championship)
- Scunthorpe United FC (opgestigen an de Football League Championship)
- Northampton Town FC (ofgestigen an d'Football League Two)
- Crewe Alexandra FC (ofgestigen an d'Football League Two)
- Cheltenham Town FC (ofgestigen an d'Football League Two)
- Hereford United FC (ofgestigen an d'Football League Two)