Brian Marsden

engleschen Astronom

De Brian Geoffrey Marsden, gebuer de 5. August 1937 zu Cambridge, England a gestuerwen den 18. November 2010 zu Burlington am Massachusetts war en engleschen Astronom, deen an den USA gelieft a geschafft huet. Hien huet um Smithsonian Astrophysical Observatory zu Cambridge geschafft an an de Jore vun 1978 bis 2006 Direkter vum Minor Planet Center.

Brian Marsden
Gebuer 5. August 1937
Cambridge
Gestuerwen 18. November 2010
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Yale Universitéit,
New College
Aktivitéit Astronom
Member vun Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften

Liewen änneren

De Marsden huet Astronomie op der Universitéit vun Oxford studéiert a spéider och op der Yale University. Hie war Expert op de Gebidder vun der Himmelsmechanik an der Astrometrie an hat sech op Berechnunge vun Ëmlafbunne vun Asteroide an Koméite spezialiséiert, bei deenen nëmme wéineg Observatiounsdate virlouchen, souwéi op d'Bestëmmunge vu Bunnofwäichungen. Fir de Pluto hat hien en Duebelstatus als Planéit an Asteroid (10000) virgeschloen.

Sengen Aarbechten ass ze verdanken, datt "verluere" Koméiten a Klengplanéiten nees erëmfonnt goufen. Besonnesch bei Koméite kann d'Zeréckfanne schwiereg sinn, well sech hir Bunn nieft gravitative Stéierungen duerch aner Himmelskierper och duerch netgravitativ Effeten (Réckstousseffet duerch den Ausstouss vu Jets) verännere kann. De Marsden hat fir 1992 de verluerene periodesche Koméit Swift-Tuttle virausgesot, wat och gestëmmt huet. Seng Berechnungen haten ausserdeem gewisen, datt de Koméit Shoemaker-Levy 9 op de Planéit Jupiter stierze wäert. Hien hat och d'Bunne vun de Kreutz-Grupp-Koméiten ënnersicht an hat gewisen, datt hir Memberen an zwou Ënnergruppen opgedeelt kënne ginn.

Onofhängeg vum Nikolai Stepanowitsch Tschernych huet de Marsden den 28. August 1982 den Asteroid (37556) Svyaztie entdeckt.

Fir seng Leeschtunge gouf de Marsden e puermol vun der American Astronomical Society ausgezeechent.

Den Asteroid (1877) Marsden gouf no him genannt.

Publikatiounen änneren

  • Brian G. Marsden, Z. Sekanina, D. K. Yeomans: Comets and nongravitational forces. V.; Astronomical Journal Volume 78, Nr. 2, März 1973; (online)
  • Brian G. Marsden: Catalogue of cometary orbits; Minor Planet Center Cambridge Mas.; 7. ergänzte Auflage 1992; ASIN B0006DIVAM
  • Jane Luu, Brian G. Marsden, David Jewitt, Chadwick A. Trujillo, Carl W. Hergenrother, Jun Chen, Warren B. Offutt: A new dynamical class of object in the outer Solar System; Nature,Volume 387, 5. Juni 1997 (online)

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie