Universitéit vun Oxford

Universitéit a Groussbritannien
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Universitéit vun Oxford (op Englesch: University of Oxford) ass eng Universitéit zu Oxford a Groussbritannien. Hir Originne ginn an dat 13. Joerhonnert zeréck. Nodeem e puer Klouschterschoule sech zesummegedoen haten, wéi den Henry II. vun England 1167 den Englänner verbueden hat, op d'Sorbonne studéieren ze goen.

Universitéit vun Oxford
University of Oxford
Typ Federal Universitéit, staatlech Universitéit, Héichschoul
Land Vereenegt Kinnekräich
Uertschaft Oxford, Oxfordshire
Schülerzuel 19.791
Gegrënnt 1096
Um Spaweck https://ox.ac.uk/
Studenten zu Oxford

Déi Oxforder Universitéit gouf 1209 zougemaach, nodeem do zwéi Studenten, déi eng Vergewaltegung virgeworf kritt haten, doutgemaach goufen. Duerch deen Tëschefall koum et zu der Grënnung vun der University of Cambridge. 1214 gouf se nees opgemaach an duerch den Act for the Incorporation of Both Universities sinn déi zwou Schoulen unerkannt ginn.

D'Universitéit vun Oxford ass an 39 Colleges agedeelt.

D'Organisatioun änneren

D'Collegë mat hirem Grënnungsjoer:

Um Spaweck änneren

Commons: Universitéit vun Oxford – Biller, Videoen oder Audiodateien