Bernard Isidore Clasen

lëtzebuergesche Professer

De Bernard Isidore Clasen, gebuer den 20. Mäerz[1] 1829 zu Gréiwemaacher a gestuerwen den 11. Januar 1902 zu Iechternach, war e lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.[2]

Bernard Isidore Clasen
Gebuer 20. Mäerz 1829
Gréiwemaacher
Gestuerwen 11. Januar 1902
Iechternach
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Stater Kolléisch,
Cours supérieurs,
Universitéit vu Léiwen,
Seminaire vu Lëtzebuerg
Aktivitéit Mathematiker, Paschtouer, Professer
Famill
Papp Nicolas Clasen

Professer an der Normalschoul änneren

Dem Bernard Clasen säi Papp, den Nicolas Clasen, war Schoulmeeschter zu Gréiwemaacher. Hien huet säi Jong an d'Stad an den Athenäum geschéckt, wou de Bernard säi Maturitéitsexame gemaach huet an dunn d'Philosophiecoursen (Cours supérieurs) besicht huet. Uschléissend ass hien – knapps 16 Joer al – op d'Universitéit vu Louvain ee Joer laang Mathematik studéiere gaangen. Dono huet hie wärend 3 Joer am Collège vu Baaschtnech enseignéiert, ier hie sech decidéiert huet, an de Seminär vu Lëtzebuerg ze goen.[3]

Den 12. Mäerz 1853 ass hien zum Priister geweit ginn. De 7. Abrëll 1853 gouf hie Kaploun an der Stater Sankt-Méchelspar. Nach am selwechte Joer, den 30. Dezember 1853, krut hien eng Nominatioun als Reliounsprofesser an der Normalschoul. Do huet hien nieft der Relioun virun allem Mathematik enseignéiert, awer och Coursen iwwer Konschtarcheologie ginn.[3]

Sekretär vum "Verein für christliche Kunst im Apostolischen Vikariate Luxemburg" änneren

Hie war un der Grënnung vum "Verein für christliche Kunst im Apostolischen Vikariate Luxemburg", deen op Initiativ vum Provikar Adames an d'Liewe geruff gouf, bedeelegt. D'Iddi vum Veräin, dee spéider den Numm "Verein für christliche Kunst in der Diözese Luxemburg" gedroen huet, hat sech am Laf vum Joer 1860 konkretiséiert a vum 1. Januar 1861 u war de Veräin aktiv. D'Inauguralsëtzung war de 17. Januar 1861. De Jean Engling war President an de Clasen Sekretär.[4] De Bernard Clasen huet d'Leeschtunge vum Veräin an den éischte Joren am "Organ des Vereins für christliche Kunst im Apostolischen Vikariate" festgehalen.[5]

Dechen zu Iechternach änneren

Duerch den Arrêté royal grand-ducal vum 23. Mee 1870 krut de Bernard Clasen op seng Demande hi seng Demissioun als Reliounsprofesser an der Normalschoul.[6]

De 24. Mee 1870 gouf hie Paschtouer vun der Péitrus a Paulus Par an Dechen (curé-doyen) vun Iechternach.[7] Duerch den Arrêté vum 7. Oktober 1870 ass hie Member vum Kuratorium vum Iechternacher Progymnase ginn, wou hien de verstuerwenen Deche Pierre Thomas ersat huet.[8] Hie blouf dat bis 1902.[9]

Als Dechen an als Konschtkenner huet de Clasen sech ëm de weideren Ausbau an d'Innenausstattung vun der Basilika gekëmmert. De Barockvirbau vun der Basilika gouf duerch en neoromanesche Bau ersat. D'Renaissance-Beichtstill an d'Barock-Kanzel aus der fréierer Stater Jesuittekierch, déi zur Kathedral erhuewe gi war an neogotesch Miwwele krut, goufe fir d'Basilika kaaft. An de Chouer koumen nei Fënsteren, d'Wänn vum Chouer goufen dekoréiert, Kräizwee-Statioune goufen ugeschaaft asw.

Am Echternacher Anzeiger" an am "Organ des Vereins für christliche Kunst in der Diözese Luxemburg" huet de Clasen iwwer dës Aarbechte bericht.[10]

Ze bemierken ass, datt zënter 1869 Sonndesmassen an der Basilika gefeiert goufen, d'Basilika awer eréischt 1906 Parkierch gouf.

De 24. Februar 1886 ass de Clasen vum Bëschof Koppes zum Doumhär (Doumkapitular) ernannt ginn.[11] Vum 1. Oktober 1901 u war de Clasen, deen aus Altersgrënn op den 30. September demissionéiert hat, an der Pensioun. Den 13. Oktober 1901 huet hie mat de Leit aus senger Par Abschid gefeiert a sech an d'Klouschter vun de Schwëstere vum aarme Kand Jesu vun Iechternach zeréckgezunn.

De Clasen ass de 14. Januar 1902 zu Iechternach begruewe ginn.[12]

De Bernard Clasen war de Koseng vum Professer Prosper Clasen.[13]

De Mathematiker änneren

Als Professer an der Normalschoul huet de Clasen zwee Rechebicher publizéiert, eent iwwer elementar Arithmeetik (1865) an en anert iwwer elementar Algebra (1868).

1867 huet hien den Artikel "Solutions entières de l'équation indéterminée Ax + By = S" an den "Annales scientifiques de l'École Normale Supérieure" publizéiert.

An der internationaler Fachwelt ass hie besonnesch bekannt fir säin Artikel "Sur une nouvelle méthode de résolution des équations linéaires et sur l'application de cette méthode au calcul des déterminants", deen 1888 an den "Annales de la Société scientifique de Bruxelles" publizéiert gouf. Den Artikel ass 1889 vun der Fachzäitschrëft "Mathesis" iwwerholl ginn, an zu Paräis koum e beim Editeur Gauthier-Villars als Separatdrock eraus. 1890 ass en, op Däitsch iwwersat, zu Wien an der "Zeitschrift für das Realschulwesen" verëffentlecht ginn. Dem Clasen seng Method ass och nach bekannt als "méthode des coefficients égaux", en Numm, deen si dem belsche Mathematiker Paul Mansion[14], mat deem de Clasen korrespondéiert huet, verdankt.[15]

Publikatiounen (Auswiel) änneren

Schoulbicher änneren

  • 1862. Das Großherzogthum Luxemburg und die mathematische Geographie. Einleitung in das Studium der allgemeinen Geographie. Luxemburg: Gebr. Heintze, 84 S.
  • 1865. Die elementare Arithmetik in ihrer wissenschaftlichen Begründung und praktischen Anwendung. Luxemburg: V. Bück, 279 S.
  • 1868. Lehrbuch der elementaren Algebra. Luxemburg: V. Bück, 150 S.

Mathematesch Artikelen änneren

  • 1867. Solutions entières de l'équation indéterminée Ax + By = S. Annales scientifiques de l'École Normale Supérieure, Série 1, Tome 4 (1867), p. 347-354. [12]
  • 1888. Sur une nouvelle méthode de résolution des équations linéaires et sur l'application de cette méthode au calcul des déterminants. Annales de la Société scientifique de Bruxelles 12 (1887-1888), A 50-59, B 251-281.
  • 1889. Sur une nouvelle méthode de résolution des équations linéaires et sur l'application de cette méthode au calcul des déterminants. Extrait des Annales de la Société scientifique de Bruxelles, 12e année, 1887-1888, Gauthier-Villars et fils, Paris, 40 p.
  • 1889. Sur une nouvelle méthode de résolution des équations linéaires et sur l'application de cette méthode au calcul des déterminants. Rapport sur ce mémoire, par P. Mansion. Mathesis (Gand), t. IX, Suppl. II, p. 1-31 [tiré-à-part des Annales de la Société scientifique de Bruxelles].
  • 1890. Ueber eine neue Methode der Auflösung von Gleichungen des ersten Grades. Wien: A. Hölder, 16 S. (Separatabdruck aus: Zeitschrift für das Realschulwesen. Wien, 15. Jahrg., Heft VII u. VIII).

Iwwer d'Iechternacher Basilika änneren

Als Koauteur

  • 1868. Mullendorff, A. & B.I. Clasen. Die ehemalige Abteikirche des hl. Willibrordus zu Echternach. Köln u. Neuss: L. Schwann, 14 S. (Separatabdruck aus Fr. Bock's "Rheinlands Baudenkmale des Mittelalters").[13]

Als Auteur

Am „Organ des Vereins für christliche Kunst in der Diözese Luxemburg“ (Luxemburg: Peter Brück):

  • 1877. Der Vorbau der Echternacher Basilika. Organ des Vereins für Christliche Kunst. Jahrg. XVII, S. 16-22.
  • 1879. Der Hochaltar in der Basilika zu Echternach. Jahrg. XVIII, S. 11-19.
  • 1879. Das Chorfenster der Abteikirche von Echternach. Jahrg. XVIII, S. 87-91.
  • 1880. Der Kreuzweg der Basilika von Echternach. Jahrg. XIX, S. 58-62.
  • 1881. Die Communionbank in der Basilika von Echternach. Jahrg. XX, S. 44-47.
  • 1882. Die Dekoration des Chores der Basilika zu Echternach. Jahrg. XXI, S. 135-141.
  • 1883. Das Ciborium der St. Willibrordus-Kirche in Echternach. Jahrg. XXII, S. 53-59.
  • 1885. Die Basilika in Echternach. Jahrg. XXIV, S. 110-112.
  • 1890. Der Majolika-Altar der Basilika zu Echternach. Jahrg. XXIX, S. 49-53.

Literatur änneren

Biographie änneren

  • Arendt, K., 1972. Porträt-Galerie hervorragender Persönlichkeiten aus der Geschichte des Luxemburger Landes. Vorwort: Paul Margue. Luxemburg: E. Kutter, 514 S.
  • Blum, M., J. Zieser & A. König, 1930. Series Pastorum. Luxemburg, (I) 180 S. + (II) 77 S.
  • Blum, M., 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 1: A-L, XXXIII-756 p.
  • Didier, N., 1940. Die berufenen Wächter am Grabe des heiligen Willibrord im 19. und 20. Jahrhundert. In: N. Goetzinger (Hrsg.): Willibrordus. Echternacher Festschrift zur XII. Jahrhundertfeier des Todes des heiligen Willibrord. Luxemburg: St. Paulus-Druckerei, S. 394-420, Tafel LXXIV-LXXV (Fig. 1-5). [Neuauflage 1958].
  • Kiesel, G., 1939. Die Hüter und Betreuer des Willibrordusgrabes. Luxemburger Marienkalender 1940, S. 45-47.
  • Koenig, A. (Pseudonym: Paul Felix von der Mosel), 1920. Berühmte Moselaner aus den Kantonen Grevenmacher und Remich. Grevenmacher, Neue Mosel-Zeitung (Mich. Braun), 115 S. [Clasen Bernhard Isidor aus Grevenmacher, S. 100, Nr. 243].
  • Massard, J. A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, 259 S.
  • Massard, J.A. & G. Geimer, 1992. Les professeurs de sciences et leur oeuvre. In: Festschrëft 150 Joër Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg: Impr. St Paul, p. 465-480.
  • Obermosel-Zeitung, 1902. Echternach. Dechant Clasen †. Obermosel-Zeitung 1902-01-14, S. 2.[14]
  • Seiler, E., 1998. Dekanat und Pfarrei Echternach. Nos Cahiers 19 (2-3), S. 293-361.
  • Staud, R.M. & J. Reuter, 1952. Die kirchlichen Kunstdenkmäler der Stadt Echternach. Luxemburg: St. Paulus Druckerei, 224 S. (T Hémecht, Zeitschrift für Luxemburger Geschichte, 1952, 5. Jg., Heft 2 u. 3, S. 3-224).
  • Wort, 1902. Echternach, 11. Jan. (Per Telephon): Sterbefall. Luxemburger Wort 1902-01-11, Erstes Blatt, S. 3.[15]

Mathematik änneren

  • Gloden, A., 1953. Les contributions du chanoine luxembourgeois B. I. Clasen à la science mathématique. Hémecht 1953 (1-2), S. 131-136.[16]
  • Gloden, A., 1953. La méthode du Luxembourgeois B. I. Clasen pour la résolution d'un système d'équations linéaires. In: Revue d'histoire des sciences et de leurs applications, tome 6, n°2, 1953. p. 168-170. [17]
  • Kieffer, L., 1959. Sur la résolution des systèmes d'équations linéaires. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 26, p. 105-124.
  • Kieffer, L. & K.H. Link, 1960. Programme de résolution d'un système d'équations linéaires par la méthode de Clasen. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 27, p. 65-68.
  • Kieffer, L., 1960. Sur un mémoire inédit de B. I. Clasen. Archives de l'Institut grand-ducal de Luxembourg, Section des sciences naturelles, physiques et mathématiques N.S. 27, p. 57-64.
  • Kieffer, L., 1961. Le mathématicien luxembourgeois Bernard Isidore Clasen (1829-1902). Scientiarum Historia 3 (3), p. 117-123.
  • Mehmke, R., 1930. Über die zweckmäßigste Art, lineare Gleichungen durch Elimination aufzulösen. Zeitschrift für angewandte Mathematik und Mechanik 10 (Heft 5), S. 508-514.
  • Worch, G., 1932. Über die zweckmäßigste Art, lineare Gleichungen durch Elimination aufzulösen. Zeitschrift für angewandte Mathematik und Mechanik 12 (Heft 3), S. 175-181. [18]

Referenzen änneren

  1. Gemeng Gréiwemaacher, Gebuertsregëster 1829, Nr. 23 ; Wort 1902 ; Luxroots ; Arendt 1972, S. 414 ; Blum 1981, S. 147. — Didier 1940, S. 409, a Seiler 1998, S. 320, ginn iertëmlecherweis de 7. Abrëll als Gebuertsdag un.
  2. Wort 1902 ; Arendt 1972, S. 414 ; Didier 1940, S. 409-413 ; Seiler 1998, S. 320-323.
  3. 3,0 3,1 Arendt 1972, S. 414.
  4. Arendt 1972, S. 414 ; Luxemburger Wort 1862-08-05, S. 1-2 (Uebersicht der politischen Tagesereignisse. Trier. Der Verein für christliche Kunst im apostolischen Vikariate in Luxemburg.[1] — Kuck och: Luxemburger Wort 1861-02-16, S. 2 (Verein für christliche Kunst im Vikariate Luxemburg).[2]
  5. Organ des Vereins für christliche Kunst im Apostolischen Vikariate Luxemburg, Jahrg. 1 (1861), S. 25-26 (am Juni 1862 erauskomm ; cf. Luxemburger Wort 1862-06-24, S. 4;[3]) Jahrg. 2 (1862), S. 6-9 (am Dezember 1863 erauskomm: Luxemburger Wort 1863-12-15, S. 4. [4])
  6. Mémorial 1870 (II), N° 25, S. 208 (Avis. — Enseignement primaire).[5] ; Luxemburger Wort 1870-06-04, S. 3. [6]
  7. Obermosel-Zeitung 1902 ; Arendt 1972, S. 414 ; Blum et al. 1930, (I) S. 70. – Didier 1940, S. 410, a Seiler 1998, S. 321, ginn als Datum de 14. Mee 1870 un.
  8. Mémorial 1870 (II), N° 46, S. 361 (Avis. — Enseignement supérieur et moyen)[7] ; Luxemburger Wort 1870-10-17, S. 2 (Amtliches). [8]
  9. Didier, N., 1926. Le gymnase d'Echternach de 1901 à 1926. Travail statistique. Luxembourg, S. 31. — Gymnase d'Echternach, Programme 1901-1902, Chronique de l'établissement, Luxembourg 1902, S. 9 (Nécrologie).
  10. Seiler 1998, S. 321.
  11. Arendt 1972, S. 414 ; Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg 1886-02-25, S. 16.[9] ; Kirchlicher Anzeiger für die Diözese Luxemburg 1886-03-31, S. 47.[10]
  12. Luxemburger Wort 1902-01-17, S. 2 (Begräbnisfeier des hochw. Hrn. Dechanten Clasen). [11]
  13. Blum 1981, S. 149.
  14. Paul Mansion (1844-1919), Mathematik-Professer op der Universitéit vu Gand (Wikipedia).
  15. Kieffer 1959, S. 117 ; Kieffer 1961, S.121.