Ruisseau des Cailloux

belsch Baach

De Ruisseau des Cailloux ass eng Baach an der belscher Provënz Lëtzebuerg, um Territoire vun de Gemenge Bouillon a Florenville.

D'Baach hir Quell heescht Source de la claire Fontaine a si ass op enger Héicht vu 420 Meter nërdlech vum Lieu-dit Les Quatre Chemins nieft der N83, um hallwe Wee tëscht Sainte-Cécile a Bouillon.

Se leeft vun do aus an enger schmueler Griecht no Süden laanscht de Château des Amerois wou eng Baach déi aus dem Étang de Nivi kënnt vu riets draleeft.

Duerch d'Forêt de Muno leeft se weider bis op Muno, wou se zesumme mat e puer Baachen déi kuerz noeneen zesummelafen, d'Baach mat dem Numm Ruisseau du Tremble ze bilden.

Kuckt och änneren

Lëscht vun de belsche Waasserleef